Sie sind hier

Studiebäihëllefen: D’Bourse de mobilité an d’Bourse sociale ginn erhéicht!

News Bildung Claude Lamberty Simone Beissel

No der Reform vun 2014 goufen elo verschidde Boursen erhéicht an d’Studiebäihëllefe ginn och ab 2017 indexéiert.

D’Simone Beissel, Rapportrice vum Gesetzesprojet sot an hirer Interventioun, dass d’Gesetz iwwert d’Studiebäihëllefen et jidderengem erlaabt studéieren ze goen, an zwar wou e wëll a wat e wëll.

Wie méi Ënnerstëtzung brauch, kritt déi och ! 

D’DP-Deputéiert Simone Beissel huet och d’Ännerungen erkläert : „Wee brauch méi Ënnerstëtzung? Dat sinn d’Leit deenen et finanziell méi schlecht geet a Leit, déi am Ausland studéieren. Dofir erhéije mir geziilt déi Bourssen, wou de Besoin am gréissten ass!“. D’Bourse social gëtt vun 3.000 € op 3.800 € erhéicht fir déi Studenten, déi de Maximum kréien. Dat ass eng Hausse vu 26,7%. D’Bourse de mobilité vun 2.000 € op 2.450 € d’Joer erhéijen. Dat ass eng Hausse vun 22.5%.


Ried vum Simone Beissel

Studiebäihëllefe ginn indexéiert

Eng aner Ännerung ass dass d’Studiebäihëllefen an Zukunft wäerten indexéiert sinn. Dëst gëllt ab August 2017. Eng éischt Adoptioun kéint da schonns bei der Rentrée 2018 ufalen. Esou ass séchergestallt, datt et zu regelméissegen Adaptatioune vun der Studiebäihëllef kënnt.

Gutt ausgebilte Leit fir den Aarbechtsmaart

Den Deputéierte Claude Lamberty huet nach emol drun erënnert dass Lëtzebuerg fir säin Aarbechtsmaart gutt ausgebilte Leit brauch a sot „Mat deem Gesetzesprojet, dee mir haut wäerte stëmme bleift Lëtzebuerg dat Land wat seng Studenten am beschten ënnerstëtzt fir kënnen erfollegräich studéieren ze goen!


Ried vum Claude Lamberty

Aktiv Mataarbecht vun de Studentevertrieder

Den Hesper Deputéierten huet och vun der Geleeënheet profitéiert der ACEL, der Vertriedung vun de Studentencercelen, Merci ze soe fir d’Matschaffen um Froekataloge vum Sondage an um Ausschaffe vun dësem Gesetz. „Ech fannen dat wichteg fir eng Studentenorganisatioun fir produktiv matzeschaffen am Interêt vun de Studenten. Si hunn hire Roll hei an dësem Dossier méi wéi erfëllt.“ sot hien a senger Ried.

 

Simone Beissel

Claude Lamberty