Sie sind hier

Pierre Gramegna: „D’Staatsfinanze sinn am Equiliber!“

News Finanzen Pierre Gramegna

De Ressortminister Pierre Gramegna huet d’Finanzkommissioun vun der Chamber haut iwwert déi budgetär Situatioun vum Staat an d’Bild gesat.

D’Recettë klamme weider méi séier wéi d’Ausgaben. Op den 31. Dezember 2018 gouf domadder en Excedent vun 773 Milliounen Euro am Zentralstaat verbucht.

„Trotz deenen héijen Investissementer d'lescht Joer sinn ech zouversiichtlech, datt mir d’Joer 2018 fir d’éischte Kéier zënter 2008 erëm eng Kéier ganz no um Equiliber clôturéiere kënnen. Déi virsiichteg a responsabel Budgetspolitik vun der Regierung dréit hir Friichten“, esou een zefriddene Finanzminister.

 


Pierre Gramegna