Sie sind hier

Méi Transparenz stäerkt d’Legitimatioun vum Staatsrot

News Verfassung, Institutionen und Demokratie Simone Beissel Eugène Berger Xavier Bettel

Dës Woch gouf an der Chamber d’Reform vum Staatsrot gestëmmt. „Dës Reform gestallt de Staatsrot méi modern an transparent ouni dobäi awer d’Wichtegkeet an d’Onofhängegkeet vun dëser Institutioun a Fro ze stellen“, esou de Premier Xavier Bettel a senger Interventioun an der Chamber.

Den Eugène Berger huet a senger Interventioun bedauert, datt déi gréissten Oppositiounspartei hir Verantwortung net iwwerhëlt a bis déi nächst Wahlen all institutionell Reform aus Prinzip blockéiert: „Dat ass onverantwortlech an ech si frou, datt d’Demokratesch Partei an d’Regierung sech net virun  hirer Verantwortung drécke, wann et ëm d’Moderniséierung vun eisen Institutioune geet.

D’Rapportrice Simone Beissel huet déi eenzel Punkte vun der Reform am Detail virgestallt an erkläert, wéi dës Ännerungen zu enger méi moderner Institutioun bäidroen an de gudde Fonctionnement vum Staatsrot garantéieren.

Déi fënnef gréissten Ännerungen sinn:

Nominatioun

Och an Zukunft ginn déi nei Memberen ofwiesselnd vun dräi Institutioune virgeschloen: et sinn dëst d’Chamber, d’Regierung (am Plaz vum Grand-Duc) an de Staatsrot. Am Plaz vun dräi gëtt an Zukunft awer jeeweils nëmmen nach ee Kandidat proposéiert.

Zousätzlech dozou, soll de Staatsrot virun all Nominatioun zwee Profiller erstellen, déi déi néideg Kompetenze vum zukünftege Member virschreift. Dëst vereinfacht d’Sich no engem neien adequate Conseiller.

Kompositioun

Am neie Gesetz gouf festgehalen, datt an Zukunft all d’politesch Parteien, déi an den zwou leschte Legislaturperioden mat op mannst dräi Sëtz an der Chamber vertruede waren, am Staatsrot representéiert musse sinn.

Fir méi Paritéit zwësche Mann a Fra am Staatsrot gouf decidéiert, datt op mannst en Drëttel, also siwe Memberen am Staatsrot dem ënnerrepresentéierte Geschlecht mussen ugehéieren.

Publikatioun vun de Votten

Och bei der Publikatioun vun de Votte wiesselt esou munches. De Moment geet et duer, datt de President an de Generalsekretär vum Staatsrot d’Authentizitéit vun all Vott festhalen. Dat neit Gesetz gesäit elo fir, datt eng Verëffentlechung vum Quorum an dem Resultat vun all Vott obligatoresch ass, wat fir méi Transparenz suergt.

Mandatsdauer

Fir eng regelméisseg Erneierung vum Staatsrot ze garantéieren, gëtt d’Mandatsdauer vun de Staatsréit vu 15 op 12 Joer erofgesat. Ausserdeem ginn d’Funktioune vum President a Vizepresident op dräi Joer limitéiert, ouni datt dës verlängert kënne ginn. De Grand-Duc an de Grand-Duc héritier däerfen iwwregens net méi d’Funktioun vum President iwwerhuelen.

Deontologie

Als leschte grousse Punkt gouf gesetzlech festgehalen, datt de Staatsrot en internt Reglement mat konkreten deontologesche Reegele fir seng Membere muss ausschaffen.

 

view video on chd.lu


Ried vun der Rapportrice Simone Beissel

 

view video on chd.lu


Interventioun vum Fraktiounspresident Eugène Berger

 

view video on chd.lu


Interventioun vum Premier Xavier Bettel

 


Simone Beissel

Eugène Berger

Xavier Bettel