Sie sind hier

Aféierung vum E-Voting fir d‘Chamberwalen 2028

News Tribune libre Verfassung, Institutionen und Demokratie Lou Linster

Léif Nolauschterer,

2018 gouf zu Lëtzebuerg d’„Briefwahl für alle“ agefouert. Zënterhier kann all Wieler per Bréif ofstëmmen, ouni dofir mussen eng Uersaach ze hunn. E grousse Succès, well bei de leschte Chamberwalen hunn duebel esou vill Leit per Bréif ofgestëmmt ewéi virdrun. Bei Wieler, déi zu Lëtzebuerg wunnen, fonctionéiert d’Bréifwal an der Reegel ouni Problem.

Bei deene Wieler, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, gesäit et dogéint anescht aus. Dat gëllt z.B.  fir déi sëllege Lëtzebuerger Studenten am Ausland. Si kréien hir Ënnerlage reegelméisseg eréischt an der Woch virun de Walen. Dat geet dann dacks net méi duer, fir datt de Stëmmziedel nees mat Zäit doheem ukënnt, zemools wann de Vott vu London, Wien oder Münche fortgeschéckt ginn ass. Bei de leschte Chamberwale sinn esou iwwer 5% vun de Bréifwalziedelen ze spéit am Walbüro ukomm. Dat sinn iwwer 2.000 Wieler – zimmlech vill, wann ee bedenkt, datt et bei der Reschtsëtz-Verdeelung dacks op manner ewéi 100 Stëmmen ukënnt.

D’JDL fuerdert dofir d’Aféierung vum elektronesche Vott, dem sougenannten E-Voting. Esou kréien ënner anerem d‘Wieler, déi am Ausland wunnen, et méi einfach gemaach, fir hir Stëmm ofzeginn. Den E-Voting soll dobäi awer just eng zousätzlech Méiglechkeet sinn, seng Stëmm ofzeginn. De klassesche Stëmmziedel an och d’Bréifwal sollen awer net ofgeschaaf ginn. De System soll net nëmmen online méiglech sinn, mee och am Walbüro selwer.

Estland huet 2005 als éischt Land op der Welt d’Méiglechkeet agefouert, fir online ofzestëmmen. Ronn 44% vun den estnesche Wieler hu bei de leschte Parlamentswalen dovunner profitéiert. Fir datt keng Drëttpersoun kann Afloss op e Wieler huelen – e Risk, deen et och bei der Bréifwal gëtt – kann de Stëmmziedel wärend der Internet-Walphas ëmmer erëm nei ausgefëllt ginn, woubäi nëmmen de leschte Stëmmziedel gëllt.

Den E-Voting géif iwwerdeems dozou bäidroen, den Taux vun den ongültege Stëmmziedelen däitlech ze reduzéieren. Sou mécht de System de Wieler zum Beispill drop opmierksam, wann en ze vill Stëmme verdeelt huet, well en eventuell nieft der Lëscht och nach Käpp ugekräizt huet. Ronn 4% vun de Stëmmziedele waren nämlech bei de leschte Chamberwalen ongülteg. Dat si bal 10.000 Wieler. An Däitschland läit dësen Taux bei just 1%. Allerdéngs ass den däitsche Walsystem och vill manner komplizéiert wéi de lëtzebuergeschen.

Léif Nolauschterer,

E wichtegen Aspekt bei Walen – a besonnesch beim E-Voting – ass natierlech d’Sécherheet. D’Walgeheimnis muss geschützt ginn, de System muss fiabel sinn an et dierfe keng Manipulatioune méiglech sinn. Nëmmen esou gëtt den E-Voting vum Wieler akzeptéiert. Dofir fuerdere mir d’Aféierung vum E-Voting eréischt fir déi iwwernächst Chamberwalen 2028. Deen Ament wier genuch Zäit, fir e sécheren E-Voting-System fir Lëtzebuerg op d’Been ze setzen.

 


Lou Linster