Sie sind hier

Steierreform: Weideren Impuls fir de Wunnengsmaart

News Landesplanung und Wohnen Steuern Joëlle Elvinger Eugène Berger Max Hahn

Fir all Verkaf vun Terrain oder Zweetwunneng wäert ab dem 1. Juli d'Plus-Value net méi wéi bis elo op den hallwen Taux global besteiert ginn, mä nëmmen op den Véirels Taux. Dës Mesure ass awer zäitlech op 18 Méint begrenzt, esou dass et an deenen nächster Zäit zu enger richteger Dynamiséierung um Logementsmaart komme sollt andeems méi Terrain op de Marché kënnt.

 

D'Rapportrice vum Gesetzestext, Joëlle Elvinger, huet sech iwwert dës Mesure erfreet gewisen: "Et gëtt e kloren politesche Wëlle fir méi Bauland op de Marché ze bréngen. Déi ugekënnegt Steierreform ass an dësem Zesummenhang eng gutt Méiglechkeet och op dësem Niveau konkret ze agéieren."

 

Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger begréisst och wéi schnell elo schonn dat éischt Element vun der Steierreform ulafe kann. „Et war wichteg, dass mer dëst Gesetz ganz schnell stëmme konnten, dat fir ze verhënneren, dass et an deenen nächsten 6 Méint zu engem regelrechte Stopp um Wunnengsmaart komm wier.“ Déi aner Mesuren aus der Steierreform triede jo den 1. Januar 2017 a Kraaft.

 

Den DP-Deputéierte Max Hahn gesäit des Mesure och am Zesummenhang mam Baulückenprogramm. „Dëst ass eng Bestandsopnam vun nach net bebauten Terrain'en innerhalb vum Bauperimeter. Duerch de fiskalen Ureiz kënne grad esou Terrain'en mobiliséiert ginn.

Weider Informatiounen

Ried vun der Rapportrice Joëlle Elvinger [méi...]

 

Joëlle Elvinger

Eugène Berger

Max Hahn