Sie sind hier

Bildungsdësch - Fir méi Konsens a Kontinuitéit an eise Schoulen

News Tribune libre Bildung Lex Delles

Léif Nolauschterer,

Mir waren alleguer eemol an der Schoul an eisem Liewen. Onofhängeg, datt déi eng méi laang , deen ee léiwer, an deen anere manner gären an d’Schoul gaangen ass, esou ass d’Schoul dach ee vun de wichtegte Schlëssele fir de Schüler d’Diren zu hirer spéiderer Beruffscarrière opzespären.

D’Gesellschaft vun haut erwaart sech vun der Schoul datt do am beschte Fall kompetent, politesch a sozial engagéiert Leit eraus kommen. D’Wirtschaft hirersäits erhofft sech Kompetenz… an d’Fuerschung wëll wëssenschaftlech ausgebilten Experten. Ganz niewenlaanscht soll d’Schoul dann och nach Kanner mat ganz verschiddenen Hierkonften a kulturelle Hannergrënn zesummen féieren. Hieren Bäitrag zur sozialer Kohäsioun hei am Land ass onschätzbar.

D’Erausfuerderungë, déi an de leschte Joren un d’Schoul gestalt goufen, sinn deemno grouss. An trotzdem... och an Zukunft wäert sech d’Schoul ëmmer nees deene gesellschaftlechen Verännerungen mussen upassen fir de Schüler déi beschtméiglecht Zukunftsperspektive ze dinn.

D’Fro ass also net ob sech d’Schoul muss upassen, mä villméi op wien mir dobäi lauschteren?

Mir sinn der Meenung datt mir méi kollektiv Reflexioun brauchen, déi en externen a konstruktiven Bäitrag liwwert.

De Bildungsminister Claude Meisch huet an deem Sënn Gesetzprojetë op den Instanzewee bruecht, an deene festgehalen goufe, wéi d’Schoul ka verbessert ginn a wéi déi néideg Qualitéit ka garantéiert ginn... an zwar ouni, datt d’Parteipolitik sech amëscht.

Fir d’éischt wier do emol den „Observatoire national de la qualité scolaire“, en Expertegrupp, deen de Schoulsystem soll wëssenschaftlech bewäerten an dem Educatiounsministère Virschléi maachen. Eng Zort national Instanz, déi Qualitéit an d’Entwécklung vun der Schoul am A behält.

Den Observatoire soll de Minister beroden, net nëmme a punkto Qualitéit, ma och an aner Froen, wéi engem gerechten Accès fir d’Schüler zur Educatioun oder dem Respekt vun hire perséinleche Rechter.

Den Observatoire soll e „Bléck vu baussen“ op d’Schoulmatière erlaben, objektiv an neutral. Et geet hei net drëms, fir d’Enseignanten ze kontrolléieren, ma ëm eng objektiv an neutral Bestandsopnam.

Dobäi kënnt dann den „Nationale Programmrot“: Hei gëtt gekuckt, wéi d’Inhalter vum Programm kënnen der Entwécklung vun onser Gesellschaft ugepasst ginn.

Et geet drëms, fir dee Gruef tëscht der Institutioun Schoul op där enger, an op där anerer Säit, der Societéit dobaussen, déi a permanenter Beweegung ass, ze verklengeren. Z.B. wat d’Technik, d’Politik oder d’Wëssenschaft betrëfft.

De Claude Meisch huet awer och eng aner Iddi initiéiert, nämlech déi vun engem nationale Bildungsdësch, wou verschidden Acteuren zesummen iwwert d'Schoulpolitik diskutéieren. Nieft de Vertrieder vum Ministère, wieren dorënner och Leit aus de Schoulen a Lycéeën, Schüler/Schülerinnen an Elteren, Syndikalisten, Wëssenschaftler a Leit aus der Zivilgesellschaft. D’ Zil wier et sech zesummen un een Dësch ze setzen, oppen iwwer d’Schoulsystem ze diskutéieren, an doduerch eng gewëssen Rouh a Kontinuitéit an eis Schoulen ze kréien.

Fir d’DP dierf d’Schoul op kee Fall zum Spillball vu politeschen Spillereie ginn. Dëst gëllt esouwuel fir dës Regierung ewéi och fir déi zukünfteg Regierungen. Mir begréissen dofir, datt sech mat deenen ugekënnegte Projeten d’Schoul zu engem gudden Deel weider „ent-politiseiert“. Ewéi sot de Bildungsminister scho méi…. : „Mir sollen an Zukunft méi op Fakten lauschteren amplaz op ee Bauchgefill“.

 


Lex Delles