Sie sind hier

Kanner & Zukunftschancen

News Chamberwalen Bildung Claude Meisch Claude Lamberty Lex Delles

Kanner&Zukunftschancen:

Eng Villfalt an der Bildung geschaf, déi den Talenter an Interessie vun de Kanner a Jugendleche gerecht gëtt.

Pressekonferenz haut vum Bildungsminister Claude Meisch a vum President vun der respektiver Chamberkommissioun Lex Delles iwwert d’Thema „Kanner&Zukunftschancen“, dat a Präsenz vum DP-Generalsekretär Lamberty Claude.

Déi lescht fënnef Joer sinn eng ganz Parti bildungspolitesch Gesetzer ugeholl ginn. Dobäi kommen eng Hellewull u groussherzogleche Reglementer. De Bildungsministère huet awer zemol konkret Projeten ëmgesat, déi op de reelle Besoinen an Interessie vun de Kanner a Jugendlechen foussen. Projeten, bei deenen allkéiers d’Kand am Mëttelpunkt stoung.

„D’DP wäert sech dofir déi kommend Joren op d’Ëmsetzung, d’Evaluatioun an op d’Weiderentwécklung vun deene Reforme konzentréieren“, esou de Député-Maire vu Munneref, Lex Delles, deen och ënnerstrach huet, datt een elo endlech vun deenen onproduktiven Debatten aus de leschte Joerzéngten ewech komm wier. „Dofir musse mir de System an d’Villfalt vun der Bildungsoffer weider ausbauen, fir se där facettëräicher Panoplie un Talenter an Interessien unzepassen“.

An deem Kontext setzt de Ressortminister Claude Meisch och op de „Lëtzebuerger Bildungsdësch“, dee fir en onofhängege Konsens beim Ausschaffe vun de wichtegste bildungspolitesche Projete suerge soll: „Esou suerge mir fir déi noutwenneg Kontinuitéit iwwer e puer Legislaturperioden ewech“, huet de Claude Meisch ënnerstrach, „eng Kontinuitéit, fir datt de System sech kann a Rou weiderentwéckelen“.

Ganz konkret Akzenter aus dem DP-Walprogramm sinn ë.a. d’Aféiere vun engem Busservice, deen d’Schüler aus der Grondschoul/Maisons Relais direkt an hir sportlech oder kulturell Aktivitéite baussent der Schoul transportéiert. Oder d’Organisatioun vu Sproochekolonie fir d’Schüler aus dem Secondaire: „Friemsprooche léiert een am beschten um Terrain an op eng lieweg a praxisorientéiert Aart & Weis“, esou nach de Bildungsminister.

D’DP leet ganz vill Wäert dorobber, datt déi nächst Generatioune fit am digitale Beräich sinn. Dofir insistéiert de Claude Meisch, datt verschidde Programméiersproochen als fächeriwwergräifend Thema an d’Programmer opgeholl ginn; zemol an der Mathé an an de Naturwëssenschaften. Dofir soll och d’I-Sektioun ausgebaut ginn.


 

AnhangGröße
PDF Icon Pressedossier_PK_Bildung.pdf196.1 KB