Sie sind hier

5-Joresplang: Héich Investitiounen an den Tourismussecteur

News Tourismus André Bauler

Tourismus ass e wichtegen Deel vun eiser Ekonomie

„D’Demokratesch Partei ass zefridden, datt och den Tourismussecteur vun deenen héijen Investitioune wäert profitéieren, déi dës Regierung mécht. Et si 15 Millioune méi wéi nach viru 5 Joer an domat eng Erhéijung vun 33%“, esou den Nord-Deputéierten André Bauler op der Chamberstribüne. Fir d’Demokratesch Partei ass et och essentiell, datt mir den Tourismus als wichtegen Deel vun der Diversifizéierung vun eiser Ekonomie wouerhuelen an och weider konsequent ënnerstëtzen.

Präzis Schwéierpunkten definéieren

Och wa vill Suen an den Tourismussecteur investéiert ginn, sou ass et fir d’Demokratesch Partei immens wichteg, dass dës Suen och do ukommen, wou se gebraucht ginn a vun deene Leit an Usproch geholl ginn, déi se am néidegsten hunn.

„D’DP steet prinzipiell zum Instrument vum Fënnefjoresplang, mä mir hunn an der Vergaangenheet ëmmer dorobber opmierksam gemaach, datt et essentiell ass, am 5-Jores-Plang präzis Schwéierpunkten ze definéieren," esou den André Bauler.

Investitiounen an d’Qualitéit vun eisen Infrastrukturen

Fir d’DP ginn et verschidde Beräicher wou nach muss an d’Infrastrukturen investéiert ginn.

„De sougenannte „barrierefreien“ Tourismus ass nämlech scho laang keen „nice to have“ méi, mä gëtt ëmmer méi zu engem „must have“, betount den Nord-Deputéierten.

Doniewent ass eise ländleche Raum mat virop den Ardennen an dem Mëllerdall eng ideal Destinatioun fir déi sougenannten „Aktivurlauber“. „Elo gëllt et fir aus dëser attraktiver Destinatioun eng Top-Adress fir dës Kategorie vun Touristen ze maachen,“ esou den André Bauler. D’Demokratesch Partei begréisst an deem Kontext och, datt an dësem Fënnefjoresplang besonnesch d’Depensë fir Investitiounen an d’Informatiounstechnologie subventionéiert ginn.

Mir brauchen eng kloer Strategie, déi et eis erméiglecht d’Branche weiderzëentwéckelen

Fir d’DP ass e besonnesch wichteg déi Beräicher wou et nach Potenzialer ginn, déi net vollstänneg ausgeschäffelt ze definéieren. D’Demokratesch Partei ass der Meenung, datt besonnesch am Beräich vum Kultur-, Gedenk- a Kongresstourismus, awer och beim Oenotourimus an „Agriturismo“ nach Spillraum ass. Fir d’DP ass et och wichteg, datt sech déi touristesch Offer muss de Bedierfnesser vun de Gäscht upassen.

Mir brauchen eng qualitativ héichwäerteg a professionell Vermaartung

Wa mer bis d’Besoine vun den Touriste kennen, dann ass et och méi einfach déi entspriechend Vermaartung dorobber opzebauen,“ ënnersträicht den André Bauler.

Fir d’DP ass et dofir wichteg, datt een „d’Zilmäert“ muss definéieren an och reegelméisseg adaptéieren an dann d’Promotiounsaktioune dorunner orientéieren.


André Bauler