Sie sind hier

Investitiounen an d’Zukunft

News Landesplanung und Wohnen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Ewéi all Joer war haut an der Chamber den Débat d’orientation iwwert déi grouss ëffentlech Infrastrukturprojeten. Laut Gesetz musse jo alleguer d’Projeten, déi e Käschtepunkt vun 10 Milliounen iwwerschreiden, vun der Chamber gréng Luucht kréien. Am Fokus vun der Diskussioun dëst Joer stoung ganz däitlech den Usproch vun der Regierung d’Land beschtméiglech op d’Zukunft ze preparéieren. Net manner ewéi 27 Projete sollen deemno iwwert déi nächst Jore realiséiert ginn.

Verschidde Projete stinn dobäi ganz kloer eraus. D’Robert Schuman Gebai um Kierchbierg soll wéinst sengem Alter ofgerappt ginn a Plaz maache fir Wunnengen a Geschäfter. Wann de Centre de détention zu Ueschterhaff 2022 bis fäerdeg ass, soll och de Prisong zu Schraasseg renovéiert ginn. Zu Esch/Uelzecht kommen d’Police an d’Rettungsdéngschter an en neit Gebai an op Monnerech kënnt eng nei Policeschoul.

Fir de Recht gëtt virun allem ganz vill an d’Bildung an an d’Mobilitéit investéiert. Esou ass z.B. virgesinn eng grouss Renovatiouns- an Ausbauoffensiv bei de Lycéeën unzegoen. De Jongelycée zu Esch, den Arts et Métiers um Lampertsbierg an d’Ecole de Commerce et de Gestion solle renovéiert ginn. De Campus Geesseknäppche soll duerch en neit urbanistescht Konzept reamenagéiert ginn. De Lycée technique du Centre an de Lycée Michel Lucius par contre kommen a komplett nei Gebaier, déi um Houwald respektiv um Kierchbierg gebaut ginn, während de Klierfer Lycée weider ausgebaut gëtt.

Kohärent mat der Regierung hirer Strategie, den ëffentlechen Transport méi attraktiv ze gestalten, ware punkto Mobilitéit och eng ganz Rei Projeten op der Dagesuerdnung. Véier nei P&R Parkhaiser sollen an Zukunft gebaut ginn: Eent zu Käerjeng mat 400 Plazen, eent zu Ëlwen mat 350 an zwee zu Waasserbëlleg mat 737 respektiv 990 Plazen. Fir de Süde gëtt en neien transversale „Bus à haut niveau de service“ an d’Liewe geruff, deen zum engen op enger Nord-Süd Achs tëschen Esch Belval an der Stad, an zum aneren op enger West-Ost Achs tësche Rodange an Diddeleng fiert. Et ass doriwwer eraus ënnert anerem geplangt de Rond-point Irgäertchen ze erneiere fir de Verkéiersfloss z’optiméieren.

De liberalen Deputéierte Gusty Graas huet der Regierung fir déi ambitiéis Investitioune felicitéiert, an der Demokratescher Partei hir Ënnerstëtzung fir déi vill Initiativen zum Ausdrock bruecht. Hien huet dobäi d’Kontinuitéit vun der Regierung hirer Aarbecht an de Virdergrond gestallt:

„Wann een am Moment duerch d’Land fiert, da gesäit een, et gëtt ganz vill gebaut an dat ass och gutt esou, well dat beweist, dass eist Land de Moment eng ganz grouss Dynamik virzeweisen huet.“

Besonnesch gelueft huet hien och de Schwéierpunkt op den ëffentlechen Transport:

„Et ass evident, dass den Auto net méi iwwerall déi éischt Gei spille kann.“

D’Decisioun vum Minister fir den Etat major vun der Arméi an dem St. Louis-Gebai op der Escher Strooss ënnerzebréngen ass allerdéngs op breet Kritik gestouss, dat virun allem aus Sécherheetsgrënn. Eng entspriechend Motioun fir de Minister opzefuerderen, Alternativen ze fannen, ass deposéiert ginn.

 

Ried vum Gusty Graas

 


Gusty Graas