Sie sind hier

Neit Fleegeheem zu Käerjeng

News Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Nom Vott iwwer d’Fleegeheem zu Déifferdeng virun zwou Wochen, huet d’Chamber e Mëttwoch gréng Luucht fir de Bau vun enger neier Maison de soins zu Käerjeng ginn.

Mat enger Kapassitéit vun  201 Better ass dëse Projet d’Suite vun den Efforte vun der Regierung, fir genuch Infrastrukturen fir eng Bevëlkerung z’organiséieren, déi ëmmer méi al gëtt an ëmmer méi op esou Ariichtungen ugewisen ass.

Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet an deem Kader drop higewisen, dass an den nächste Joren eng ronn 900 weider Better am Süde vum Land geplangt sinn.

Donieft wier et awer och wichteg, de Residenten an de Fleegeheemer e Maximum u Liewensqualitéit duerch en duerchduecht Konzept ze garantéieren, wéi z.B. d’Ënnerdeelung vum Fleegeheem a verschidden Zonen.

Um Enn huet de Gusty Graas begréisst, dass och der Ëmwelt Rechnung gedroe ginn ass.  Ë.a. mat enger Fotovoltaikanlag, der Renaturéierung vun der Mierbaach an e sëlleche Gréngflächen.


Gusty Graas