Sie sind hier

Cannabis ganz legaliséieren

News Tribune libre Gesundheit und Pflege Claude Schommer

De leschten Hierscht huet d’Regierung decidéiert, datt de Cannabis soll zu Lëtzebuerg fir gesondheetlech Zwecker erlaabt ginn. A virun 2 Wochen elo huet eng Ëmfro gewisen, datt eng Majoritéit – 56% vun de Befroten – ënner Konditioune fir d’Legaliséierung vum Cannabis ass. Déi Diskussioun iwwer de stroffräie Gebrauch vu Cannabis zu Lëtzebuerg ass méi al wéi ech selwer. Generatiounen – besonnesch vu jonke Politiker – hu sech dofir ausgeschwat, ouni datt um Enn awer eppes geschitt wier.

Déi leschten Entwécklunge maachen elo awer Hoffnung, datt mer déi kéier och endlech e Gesetztext op d’Bee gesat kréien, deen d’Riicht hält, d.h. duerch d’Chamber kënnt.

D’Jonk Demokraten begréissen déi Initiativ vun der Regierung fir de medezinesche Gebrauch vum Cannabis ze legaliséieren. Et ass laang gewosst, datt esou e Gebrauch ë.a. Leit mat Kriibs oder Multipeller-Sklerose ka géint hir Péng hëllefen. Mir vun der JDL sinn dovunner iwwerzeegt, datt d’Leit an dësem Fall sollen de fräie Choix kréien an net méi musse juristesch Konsequenze fäerten.

D’Legaliséierung vum Cannabis gëtt zanter Joren am sougenannte  Cannabis-Bündnis gefuerdert, dat sech aus verschiddene politesche Jugendorganisatiounen zesummesetzt, dorënner d’JDL.

Mir si vill op den Terrain gaangen, bei Leit mat ënnerschiddleche Krankheeten. Déi Experienzen hunn ons doranner bestäerkt, ons fir d’Legaliséierung vum Cannabis am medezineschen an an och fir den normale Gebrauch anzesetzen.  Desto méi frou ware mir, datt d’DP virun 2 Joer déi prinzipiell Decisioun geholl huet, fir sech fir eng staatlech Legaliséierung anzesetzen. Mat der Annonce vun der Regierung fir de Gebrauch vu Cannabis bei kranke Mënschen wëllen ze legaliséieren ass deemno e grousse Schrack gemaach ginn.

Bis elo ass d’Consommatioun zu Lëtzebuerg strofbar, wat awer net verhënnert, datt vill Leit dës sougenannte liicht Drog consomméieren. Een Haaptproblem ass, datt zemol méi jonk Leit hire Cannabis illegal um Schwaarzmaart kafen an esou riskéieren an de Kontakt mat kriminelle Banden ze geroden, déi de Cannabis dacks gebrauche, fir d’Konsumenten u méi staark Drogen erun ze bréngen.

Léiw Leit/Nolauschterer, et kann een elo laang a prinzipiell iwwer d’Vir- an d’Nodeeler vun enger Liberaliséierung diskutéieren. Fakt ass awer, datt déi repressiv Politik vu bis elo en Echec ass. Et gi weltwäit – an och zu Lëtzebuerg – enorm Mëttel an d’Lutte géint d’Drogen investéiert, ouni datt d’Consommatioun dowéinst zeréck gaange wier.

Erfarungen am Ausland weisen, datt bei enger staatlech kontrolléierter Verdeelung vu soften Drogen de generelle Konsum NET an d’Lut geet. Au Contraire, de Mëssbrauch an deene Länner geet zeréck.

Dobäi kënnt beispillsweis, datt d’Beschafungskriminalitéit an de Verkaf, respektiv d’Consommatioun vun Drogen am ëffentleche Raum, ofhuelen. Also just déi Auswierkungen ginn zeréck, déi vill Bierger am meeschten um Mo leien, och wann dat nëmmen déi siichtbar Spëtzt vun der Drogeproblematik ass.

E weidere Virdeel vun enger staatlech kontrolléierter Verdeelung: et géinge keng mannerwäerteg a geféierlech Wuere méi an de Circuit kommen.

Natierlech misst esou eng Ausgab vu Cannabis fir den normale Konsum strengstens kontrolléiert ginn.

Nom éischte Schratt an déi richteg Richtung a Form vun enger Legaliséierung vum medezineschem Cannabis, erwaarde mir Jonk Demokraten, datt d’Politik konsequent bléift an de Konsum vu Cannabis fir jiddereen méiglech mécht.

 


Claude Schommer