Sie sind hier

Ambitiéis Ziler an der Klimapolitik

News Klimaschutz und Energie Max Hahn

Den Donneschdeg gouf um Krautmaart de Point gemaach iwwer d’Klimapolitik vun der Majoritéit. D’Drénglechkeet, mat där een d‘Problematik misst upaken, wier der Regierung bewosst, dowéinst wieren an der leschter Legislatur scho vill Mesurë geholl ginn, déi an déi richteg Richtung ginn, esou den DP-Deputéierte Max Hahn. Dës missten elo ausgebaut ginn.

Dobäi wier et wichteg, virun allem Ureizer ze schafen an d‘Leit mat an d’Boot ze huelen, ouni Angscht ze verbreeden an ouni Panik ze maachen. Nëmmen duerch eng pragmatesch Approche, déi Alternativen ubitt an de Leit entgéint kënnt, wier eng effikass Klimapolitik méiglech.

Als Beispill huet de Max Hahn d’Klimabank genannt – eng ursprénglech liberal Iddi –, déi finanziell manner gutt gestallte Leit hëlleft, fir hiert Haus energetesch ze sanéieren. An Zukunft soll jiddereen dovu profitéiere kënnen, fir d’Potenzial am Beräich vun der Albausanéierung maximal ze notzen.

Donieft goufen och an der Mobilitéit, déi fir méi wéi d’Halschent vun den nationalen CO2-Emissioune verantwortlech ass, enorm Efforten an de leschte Jore gemaach. D’Regierung huet konsequent an den ëffentlechen Transport an an d’douce Mobilitéit investéiert, a wäert den Niveau vun den Investissementer och an Zukunft ganz héich halen. Als Beispill huet de Max Hahn de gratis Ëffentlechen Transport genannt, eng weider blo Iddi, déi an de Koalitiounsprogramm opgeholl ginn ass.

 


Max Hahn