Sie sind hier

Neit Kannergeld: Ee Kand = ee Kand

News Familie Max Hahn

All Kand ass datt selwecht wäert. Aus dem Grond wäert an Zukunft all Kand dat selwecht Kannergeld kréie mee och vun enger ganzer Panoplie vu Sachleeschtung profitéiere kënnen.

Baséierend op Etuden déi festhalen, dass e weidert Kand an engem Stot net proportionell méi zu de Käschte bäidréit, ass de „groupe familial“ d.h. di proportionell Staffelung ofgeschaaf ginn. Nom Akraafttriede vum Gesetz wäert fir all Kand wat dann op d’Welt kënnt, dee selwechte Montant vun 265 Euro ausbezuelt ginn. Dëse Montant setzt sech zesummen aus dem heitejen Kannergeld an de Kannerboni, deen no uewen ugepasst ginn ass. D’Kanner déi elo well op der Welt si kréie weiderhin dat selwecht Kannergeld ewéi bis ewell.

Zum ale Kannergeldsystem huet de Rapporteur vum Projet an Ost-Deputéierte Gilles Baum nämlech festgehalen: „Elo kënne mir op e puer Joerzéngten zeréckkucken an eis d’Fro stellen, ob et dann eppes bewierkt huet? Ech mengen d’Statistike weise kloer, dass d’Zieler net erreecht goufen: d’Gebuertsquot hei am Land bleift relativ niddreg par Rapport zu aneren europäesche Länner. 85% vun de Leit déi zu Lëtzebuerg Kanner hunn, hunn 1-2 Kanner.“


Ried vum Gilles Baum

A senger Ried als Spriecher vun der DP ass de Süd-Deputéierte Max Hahn dunn op d’Besoine vun de Familljen agaangen a wat se derzou beweegt eng Famill ze grënnen:

Elteren déi a Länner mat engem Gesellschaftsmodell, den op d’Gläichbehandlung zwëschent de Geschlechter opgebaut ass liewen, kréie proportional méi Kanner. Ausschlaggebend ass d’Chancëgläichheet zwëschent Männer a Fraen. Ausschlaggebend sinn d’Mesuren déi et den Elteren erlabe Familljeliewen a Beruffsliewen ënnert een Hutt kréien.

Dat d’Kannergeld un sech just een Deel vun der Familljepolitik ass, huet hien nach eng Kéier kloer gemaach wéi hien d’Sachleeschtungen déi de Familljen entgéint kommen opgezielt huet: „Ech kann et net gëlle loossen, d’Familljepolitik op d’Kannergeld ze reduzéieren, well da vergësst een dat Familljepolitik aus ville Puzzelstécker besteet. A Puzzelstécker passe jo bekanntlech aneneen. An sou wéi Puzzelstécker anenee passen, si mir och ëmgaangen eng kohärent Familljepolitik op d’Been ze setzen. Dat ass eng Familljepolitik, déi de Kanner a Jugendlecher déi beschten Educatioun ubidde kann. Dat ass eng Familljepolitik an där all Kand dat selwecht wäert ass, eng Familljepolitik déi alle Kanner déi selwecht Startchancë ubitt. Dat fänkt mat der gratis Sproocheförderung an der Kannerbetreiung fir all Kand zwëschent 1 a 3 Joer un. Eng kohärent Familljepolitik ass eng Familljepolitik, déi jonke Famillje beim Wunnen ënnert d’Äerm gräift. Dat ass eng Politik, déi mat der Subvention loyer a mat engem verbesserte Steierabattement op Scholdzënse vum Eegenheem d’Finanze vun de Familljen entlaascht.


Ried vum Max Hahn

Weider Informatiounen

  • Méi Detailer [méi...]
  • De Pressecommuniqué vun der DP [méi...]
  • Reform vum Kannergeld: Wat ännert sech fir mech? Blog vum Gilles Baum [méi...]

 


Gilles Baum

Max Hahn