Sie sind hier

Ried zur Lag vun der Natioun

News Xavier Bettel

„Mir hunn eis en ambitiéise Regierungsprogramm ginn a mir setzen deen den Ament konsequent ëm. Et ass e Regierungsprogramm, deen als iewescht Zil huet eist Land virzebereeden op d’Erausfuerderungen déi virun eis leien“.

D’Aarbechte vun der Regierung géifen hir Friichten droen esou de Premier deen sech awer net nëmme mat den Zuelen, mä och mat de Mënschen derhannert, beschäftegt huet.

Et sinn déi Eenzelschicksaler, déi mech beweegen an all Dag undreiwe Politik ze maachen.“

Eng vun de Prioritéite bleift dowéinst weiderhin d’Lutte géint de Chômage, well och wann dee mat 6,4% sou niddreg ass wéi scho ganz laang net méi, hu nach ëmmer 19.000 Mënschen hei am Land déi keng Aarbecht hunn. Dofir ginn eis Efforte weider ënner anerem andeems de System vum RMG verbessert gëtt fir d’Leit besser ze encadréieren an hir Kompetenze besser ze consideréieren.

De Logement ass a bleift di aner grouss Prioritéit vun dëser Regierung. De Staatsminister huet a senger Ried betount datt ee Paradigmewiessel am gaange wier, amplaz de Leit Suen an de Grapp ze ginn a Präisexplosioun domatten ze ënnerstëtzen, investéiert dës Regierung an d’Offer.

Wien déi Entwécklung wëll stoppen, muss bauen – a mir bauen an ech kann Iech garantéieren, dass hei méi Fundamenter gegoss an Zillen openee gesat ginn, ewéi jee virdrun“.

D'Diversifikatioun vun eiser Economie war deen aner grousse Pilier am Etat de la Nation. Hei huet de Xavier Bettel betount datt d’Regierung beméit alles ze ënnerhuele fir den Entrepreneuriat zu Lëtzebuerg weider ze developpéieren. Am ganze ginn iwwer 20 Milliounen Euro bereet gestallt fir jonk Entreprisen am digitale Beräich ze stäerken.

Donieft gëtt och  eng Maison de l’Entrepreunariat geplangt, wou Leit, déi sech wëlle selbstänneg maachen, berode ginn, esou datt administrativ Barrièren direkt am Ufank kënnen aus dem Wee geraumt ginn.

Fréier war d’Simplification administrative Chefsaach, elo gëtt se Tatsaach!“

Ënnert dem Titel “Einfach Lëtzebuerg” gouf en Aktiounsplang lancéiert, dee virgesäit een allgemenge Screening ze maache fir erauszefannen, wou een eventuell Hürde kann ofbauen, Doubles-emplois kann evitéieren an d’Aarbecht vun der Verwaltung ka verbesseren. Et ass ausserdeem virgesinn, esou de Xavier Bettel, fir an de nächste Méint en Tracking System fir administrativ Prozeduren anzeféieren, deen engem iwwert eng Referenznummer seet, wou deen Dossier drun ass, wie grad dermat befaasst ass a wou een Informatioune ka kréien.

Um Enn ass de Staatsminister dann och nach eemol am Detail op Steierreform agaangen, déi de Finanzminister Pierre Gramegna déi lescht Woch virgestallt hat.

Et ass eng politesch Steierreform mat politesche Prioritéiten, déi gerecht a selektiv ass. Et geet eis drëm deenen economeschen a gesellschaftlechen Evolutioune Rechnung ze droen an do Akzenter ze setzen, wou et Sënn mécht.“

Weider Informatiounen

Ried vum Staatsminister Xavier Bettel [méi...]

Xavier Bettel