Sie sind hier

Wirtschaftleche Succès an d’Erhale vun natierleche Liewensraim ënnert een Hutt kréien

News Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Manner administrativen Opwand a kloer Reegele fir den Erhalt vun der Biodiversitéit

Fir d’DP ass Naturschutz dee richtegen Equiliber ze fannen tëschent gesellschaftlecher an ekonomescher Entwécklung an dem Erhale vun der Biodiversitéit a vun natierleche Liewensraim. Natur schütze soll och näischt mat Onkloerheeten, laange Weeër an onendleche Prozeduren ze dinn hunn. Dat neit Naturschutzgesetz huet de Merite, datt et virun allem méi Kloerheet schaaft, an de Prozeduren-Dschungel entflecht. „D’Praxis muss elo weisen, ob dat duer geet, mee den Ufank ass gemaach“, esou de Max Hahn. Fir d’Demokratesch Partei muss e modernen Naturschutz participativ statt repressiv sinn! Et wëll kee méi héieren „du dierfs net hei an du dierfs net do maachen“. D’Leit wëlle wësse wat se dierfe maachen an dat muss een hinnen dann och erkläre kënnen.

Wirtschaftleche Succès an d’Erhale vun natierleche Liewensraim ënnert een Hutt kréien

Mir liewen an engem Land, wou den Drock op den Terrain grouss ass. Dat läit um ekonomesche Succès vun eisem Land, awer och dorunner, wéi mir wunnen. De wirtschaftleche Succès an d’Fräiheet vum Eenzelen, sech en Eegenheem no senge Virstellungen ze leeschten, gëllt et ënnert en Hutt ze kréien, mam Erhale vu natierleche Liewensraim. Déi mënschlech Entwécklung an d’Erhale vun natierleche Liewensraim mussen sech awer net ausschléissen, si kënnen och Hand a Hand goen“, esou de Süd-Deputéierten. Der Politik hir Aufgab ass et, dee richtege Kader ze setze fir datt de Mënsch sech weiderentwéckele kann an zwar, mat der Natur an net géint d’Natur.

De gudde landwirtschaftleche Buedem schützen

De Max Hahn huet och ënnerstrach, datt eis Landwirtschaft mat der Natur schafft an net géint d’Natur. Fir d’DP ass dofir kloer: Ëmweltschutz geet nëmme mat de Baueren a net géint se. Hien huet erkläert, datt op Terrainen, déi ökologesch opgewäert ginn och nach weiderhi ka Landwirtschaft drop bedriwwe ginn. „Et kann een déi nei Kompensatiounsmethoden also als eng Win-Win-Situatioun fir d’Baueren a fir d’Natur bezeechen. Am Kloertext : mat deem neie System brauch een och manner Land fir ze kompenséieren, well d’Qualitéit vum Kompenséiere zouhëlt.

Virkafsrecht op dat Néidegst reduzéieren

De Max Hahn huet och dorobber higewisen, datt mam Gesetzesprojet vun der viregter Regierung an am Kader vun de Plans sectoriels paysages vun 2013 virgesi war der ëffentlecher Hand e Virkafsrecht op ganzer 41.000 ha Land ze ginn! „Domadder wär d’DP net averstane gewiescht!“ esou de Max Hahn op der Chamberstribüne. Mat dësem Projet de loi, zesumme mam Plan sectoriel paysage, Versioun 2016, sinn elo nëmmen nach 7.000 ha. Land vun engem Virkafsrecht betraff.

Nëmmen nach ökologesch sënnvoll kompenséieren

An Zukunft gëtt net méi egal wou kompenséiert, just well muss kompenséiert ginn! An Zukunft gëtt intelligent a strukturéiert kompenséiert, an net méi konzeptlos! An Zukunft gëtt och net méi op landwirtschaftlech guddem Buedem kompenséiert! A schlussendlech: An Zukunft gëtt och no de Kompenséierungfläche gekuckt, a si ginn ënnerhalen, fir datt si hiren ökologesche Méiwäert och nohalteg behalen!“ esou de Max Hahn iwwert den neie Kompensatiounssystem.

 


Max Hahn