Sie sind hier

De Käerjenger Contournement gëtt Realitéit

News Mobilität und Verkehr Max Hahn

No jorelaangen Analysen, Etüden an Diskussioune krut de Käerjenger Contournement schliisslech haut de Mëtte gréng Luucht an der Chamber. Ugesiichts vun de ronn 19.000 Autoen an der héijer Stéckoxidbelaaschtung ass et effektiv och héich Zäit ginn, huet den DP-Deputéierte Max Hahn a senger Interventioun fonnt. Et wier virun allem drëms gaangen eng Léisung am Interessi vum Bierger, senger Gesondheet a Liewensqualitéit ze fannen.

Et kéint awer net sinn, dass sou eng Léisung op Käschte vun de Bierger an anere Gemenge geet.

Wien A seet, muss och B soen. Wien Käerjenger Contournement seet, muss och Dippecher Contournement soen. Et ass kee Geheimnis, datt ech enttäuscht sinn, datt mir den Dippecher Contournement haut net mat stëmmen.

Dippech wier nämlech an enger ganz ähnlecher Situatioun wéi Käerjeng a mam Contournement géif Situatioun net besser ginn, éischter am Géigendeel. Domadder gëtt de Problem just verlagert, an net wierklech geléist. Et misst een d’Land awer am Ganze plangen.

Den Dippecher Contournement soll eréischt no 2030 gebaut ginn. Dat wier allerdéngs vill ze spéit, sou de Max Hahn weider. Hien huet awer gläichzäiteg begréisst, dass d’Regierung decidéiert huet, déi méiglech Tracéë vum Dippecher Contournement z’analyséieren. E wichtegen éischte Schrëtt wier domat gemaach, et dierft ee just net dobäi stoe bleiwen.

Fir déi nächst Regierung ze encouragéieren, d’Aarbechte weider ze dreiwen an dee Contournement sou séier wéi méiglech an d’Weeër ze leeden, gouf dowéinst eng deementspriechend Motioun vu fënnef Parteien deposéiert.


Max Hahn