Sie sind hier

Wirtschafts- a Finanzperspektive

News Finanzen Pierre Gramegna

All Memberland ass, EU Reegelen no, obligéiert esou ee Wuesstems-a Stabilitéitsprogramm opzestellen. An dem Kontext huet de Finanzminister ënnerstrach datt wa Lëtzebuerg an enger souvill besserer Situatioun ass wéi déi meescht aner Länner an der Eurozone, dann ass dat enger proaktiver Politik ze verdanken, déi déi richteg Prioritéite gesat huet an sech doduercher eng Steierreform leeschte kann.

De Pierre Gramegna huet dernieft och ënnerstrach datt dës Regierung et fäerdeg bruecht huet, trotz schwéierem Ëmfeld, eng verantwortlech Budgetspolitik ze maachen andeems se et fäerdeg bruecht huet 3 Verspriechen aus dem Regierungsprogramm ëmzesetzen:

  • d’Leit an d’Entreprisen ze entlaaschten
  • d’Investissementer héich ze halen, fir d'Land optimal op d’Zukunft virzebereeden
  • d’Staatsfinanze laangfristeg erëm op zolitt Féiss ze stellen

Weider Informatiounen

Ried vum Pierre Gramegna [méi...]

Pierre Gramegna