Sie sind hier

Klimabank: Neie Schwong an der Albausanéierung

News Klimaschutz und Energie Claude Lamberty Max Hahn Marc Hansen

Schonn am Joer 2008 huet d'DP d'Iddi vun der Klimabank an d'Liewe geruff an 2013 ass si dunn och an Koalitiounsaccord ageschriwwe ginn. Dës Woch ass elo de Gesetzprojet iwwer d'Klimabank gestëmmt ginn, esou dass d'Klimabank ab dem 1. Januar 2017 Realitéit ass! Hei Erklärunge vum Logementsminister Marc Hansen a vum Deputéierten a Rapporteur vum Gesetz Max Hahn.

Wat zeechent déi nei Klimabank aus?

M. Hahn: Bis elo war et ëmmer esou, dass een fir d'éischt emol déi ganz Käschte vun enger energetescher Sanéierung u sengem Haus oder Appartement selwer droe misst, an eréischt duerno krut een dann eng Subventioun vum Staat. Mat engem Prêt vun der Klimabank gëtt elo virfinanzéiert, et kritt een also d'Suen ier een ufänkt mat sanéieren.

M. Hansen: Wat mir um Häerz läit, ass dass mer elo och eng Formule aféiere vun där jidderee profitéiere kann. Beim sougenanntenen „Klimaprêt à taux réduit“ iwwerhëlt de Staat 1,5% Zënsen, esou dass een am Moment bal näischt drop bezuele muss. Esou ass Klimabank wierklech fir jiddereen accessibel.

Source: Ministère du Logement

 

Wéi kann een sech dat konkret virstellen?

M. Hahn: Beim „Klimaprêt à taux zéro“, kann eng Famill zum Beispill den Dach vum Haus an d'Mauere besser isoléieren an en Holzuewen norüsten. Dëst wäert d'Heizkäschten däitlech drécken, esou dass dëse Stot säi Prêt mat dem Erspuerten deelweis zréckzebezuele kann.

M. Hansen: De „Klimaprêt à taux réduit“ ka bis 100.000 Euro goen, esou dass een zum Beispill d'Fënstere mat Draifachverglasung oprüsten, den Dach an d'Mauere besser isoléieren an eng Pelletheizung installéiere kann. Esou gëtt eis zum Deel dach éischter al Bausubstanz no an no energetesch op den neiste Stand bruecht.

 

pic.twitter.com/NH0tPPAcjc

— Demokratesch Partei (@dp_lu) December 22, 2016

 

Kritt een dann awer weider Primen?

M. Hahn: Jo, deen aktuelle Regime vun der sougenanntener „PRIMe House“ leeft zwar Enn des Joers aus. Mä souwuel beim Neibau wéi bei der Sanéierung kann een och weider vun den neien Hëllefe profitéieren, och nodeems een e Projet mat der Klimabank ofgeschloss huet.

M. Hansen: Ech si frou, dass mer weider konsequent an d'Moderniséierung vun eisen Haiser an Appartementer investéieren. Eng energetesch Sanéierung dréit zu eiser CO2-Bilanz bäi, se bidd den Awunner e méi gemittlecht Doheem, hëlleft de Stéit hir Energierechnung ze drécken an stäerkt den Knowhow vun eisem Handwierk.

***

Potenzialer fraisetzen

De Claude Lamberty huet an der Chamber op Potenzialer vun der Klimabank higewissen.

  • Éischtens, duerch energetesch Sanéierungen iwwert d'Klimabank, ka Lëtzebuerg seng CO2-Bilanz drécken an esou sain Deel am Kampf géingt de Klimawandel bäidroen.
  • Zweetens, besonnesch déi Leit, déi an engem Logement wunne wat villäicht net esou gutt isoléiert ass, profitéiere besonnesch vun der Klimabank. Mir hëllefen dëse Leit also speziell aus der Energieaarmut erauszekommen.
  • Drëttens, eis Betriber wäerten esou hire Knowhow an dësem Beräich ausbaue kënnen a weider Aarbechtsplaze schafen.

Kuerz: däitlech méi Gewënner mat der Kreatioun vun der Klimabank!

 

view video on chd.lu


Ried vum Rapporter Max Hahn

 

view video on chd.lu


Ried vum Claude Lamberty

 

view video on chd.lu


Ried vum Logementsminister Marc Hansen

 


Max Hahn

Claude Lamberty

Marc Hansen