Sie sind hier

Reform vum Policegesetz - Wou Police drop steet, ass och Police dran.

News Justiz und Sicherheit Max Hahn

Säit der Fusioun vun der Police an der Gendarmerie 1999, ass déi sozial, demografesch a wirtschaftlech Situatioun zu Lëtzebuerg eng aner, an domadder och d’Erausfuerderunge vun d’Police. Duerch d’ Reorganisatioun vun der Generaldirektioun, d’Reorganisatioun vun der Police judiciaire, d’ Moyen’ë vun der Police adminsitrative oder och nach déi nei territorial Organisatioun, wäert d’Police besser opgestallt sinn, an dat wäert virun allem dem Bierger ze gutt kommen.

Eng Police méi no um Bierger

Elleng duerch d’Zesummenlëen, respektiv duerch Fusioune vu Kommissariater, wäert d’Policepräsenz- an Disponibilitéit, an domadder d’Proximitéit um Bierger, wesentlech verbessert ginn. Duerch d’erweidert Ëffnungszäite wäert d’Police fir den eenzelen Bierger méi accessibel sinn. 13 Kommissariater si 24 op 24 Stonnen, 7 Deeg op 7 op. Déi aner si vun 7 Auer Moies bis 9 Auer Owes op. Derbäi kënnt, dat de Bierger och d’Méiglechkeet huet ee Rendez-vous um Kommissariat ze huelen an, an noer Zukunft wäert den E-Kommissariat e weidere Mëttel si fir sech un d’Police ze wenden. “Wou Police drop steet wäert deemno och Police dra sinn”, huet de Süd-Deputéierte Max Hahn en Dënschden a senger Ried betount.

Polizist, e Beruff mat Perspektiven

Och op den eenzele Beamte wierkt sech d’Reform positiv aus: nei Perspektive ginn gebueden an de Beruff gëtt insgesamt méi interessant gemaach.

Dat fänkt beim Policeschüler un, deen elo wéi am Rescht vun der Fonction Publique de Statut vum “Fonctionnaire-Stagiaire” wäert hunn, dermadder och säi Basisgehalt eropgeet.

D’Reform féiert och zwee nei “Groupes de traitement’en” an : de B1 an den A2, an de groupe de traitement D get ofgeschaaft.

Et si Prime vun 20 Punkte fir verschidde Posten virgesinn: fir “Officier” an den “Agent” vun der Police judiciaire, fir d’Membere vun der Unité spéciale a fir déi Polizisten déi fir de Service de Protection vun der Regierung detachéiert sinn.

An dem Kontext huet de Policespriecher vun der DP, de Max Hahn drun erënnert: “De “Changement de Carrière” ass och en Aspekt dee fir d’Motivatioun wichteg ass an dee muss ëmmer méiglech bleiwen, an intern Barrièren duerfen dofir net entstoen.”

An e puer Jore muss de Bilan gemaach ginn

Des Reform war a villen Aspekter säit Joren hifälleg. Eng Institutioun wéi d’Police ze reforméieren ass keng einfach Saach mee des Regierung hat de politesche Wëllen d’Gesetz vun 1999 z’iwwerschaffen. De grousse Kader ass elo gesat an daat heite Gesetz erlaabt et der Police sech nei opzesetzen. D’Aarbecht vun der Politik wäert et da sinn, an 2 bis 3 Joer en éischte Bilan ze maachen. Dofir huet de Max Hahn a sénger Ried och weider Pisten ugeschwat, wéi zum Beispill e Kompensatiounsmodell fir d’Nuetsschichten oder nach den Asaz vun de Giischtercher fir de Gefaangenentransport.

 


Max Hahn