Sie sind hier

Vergréisserung vun der Maison des Sports

News Sport und Freizeit Claude Lamberty

An der Froestonn dës Woch huet den Deputéierte Claude Lamberty de Sportminister gefrot wéi et mat engem méiglechen Ausbau vun der Maison des Sport zu Stroossen géing ausgesinn.

Et wier eng wichteg Plaz fir de Lëtzebuerger Sport, wou am Alldeeglechen de Sport erlieft a gelieft géif. An der leschter Zäit géifen et an deem Sënn och ëmmer méi Stëmmen aus der Sportswelt ginn, déi no engem Ausbau froe fir zousätzlech Federatiounen ënner Daach ze kréien.

De Sportminister huet doropshi confirméiert, datt de Projet fir d’Maison des Sports auszebaue bis Enn 2017 soll ofgeschloss sinn. Am Ganze solle 6 zousätzlech Federatiounen an d’Maison des Sports plënneren.

De Claude Lamberty weist sech mat der Äntwert zefridden : „De Sport zu Lëtzebuerg wiisst also weider zesummen. Let's make it happen!“

 

 

view video on chd.lu


Ried vum Claude Lamberty

 


Claude Lamberty