Sie sind hier

Lëtzebuerg besser plangen

News Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Den Députéierte Max Hahn ass op d’Wichtegkeet vun enger gutt duerchduechter Landesplanung agaangen. Obschonn an den 90er Joere vill, villäicht esouguer ze vill, iwwert d'Landesplanung hei am Land geschwat ginn ass, ass net vill geschitt, esou de Max Hahn.

“Wunnen, Schaffen a Fräizäit mussen erëm méi no beienee kommen, dat am Sënn vu méi Klimaschutz, mä schlussendlech och am Sënn vun enger heijer Liewensqualitéit.”

Vill Leit verbrénge leider ze vill Zäit dermat vun A op B ze kommen, amplaz hir Fräizäit ze genéissen. An dësem Kontext ass d'Revalorisatioun vun den Industriebroochen eng ganz besonnesch intressant Pist.

Och erneierbar Energië gehéieren zur Landesplanung, well wa mer eise Liewensstandard héich hale wëllen da musse mer eis och d’Fro stelle wou eis Energie hierkënnt.

„Stop d’Atomkraaft héiert een iwwerall! Zu Recht ! Mee, mir sinn net prett! An dat, well d’Politik geschlof huet….Joerzéngtelaang!”

De DP-Députéierten huet et begréisst, datt och dëst Thema resolut vun der Regierung ugaange gëtt,„ an et mécht mer Freed ze gesinn, dass déi verschidde Ministèren äifreg un den neie sektorielle Pläng schaffen “.

Weider Informatiounen

Ried vum Max Hahn [méi...]

Max Hahn