Sie sind hier

Aktualitéitsstonn zum Brexit

News Finanzen André Bauler Eugène Berger

Brexit oder net Brexit? An der Aktualitéitsstonn zum Brexit huet de President vun der Budgets- a Finanzkommissioun Eugène Berger iwwert déi méiglech Konsequenze vum Brexit op eist Land geschwat.

Méiglech nei Aktivitéiten hei am Land

Den Eugène Berger ass fir d'éischt drop agaangen, dass et am Moment un de Britten ass ze decidéieren op si e Brexit wëllen a wéi deen ausgesi soll. Duerch des Onsécherheet ass et am Moment schwéier déi genau Folge vun engem Brexit op eis Wirtschaft an eis Finanzplaz ofzeschätzen. 

Wann et dann awer esou wäit komme sollt, kann et scho sinn, dass verschidde Finanzaktivitéiten op Lëtzebuerg kommen. „Jo et ka sinn dass Banken déi elo schonn eng Succursale zu Lëtzebuerg hunn, déi ausbaue wäerten, fir ebe weiderhin den „europäesche Pass“ ze behalen, an esou um europäesche Marché täteg ze sinn“, esou den Eugène Berger. Hien huet awer och drop higewisen dass, d’Bankeplaze vu London a vu Lëtzebuerg net onbedéngt Konkurrente sinn, mä komplementär Produkter ubidde géifen. 

Eng performant Finanzplaz mat oder ouni Brexit

Wat méi wichteg wier, ass dass eis Finanzplaz weiderhi gutt opgestallt ass. „Mat oder ouni Brexit, mir hunn derfir gesuergt, fir dass Lëtzebuerg eng transparent Finanzplaz gëtt, an eist Land vu groen a schwaarze Leschten erofkomm ass.“ Den Eugène Berger huet an dësem Zesummenhang och d'Aarbecht vum Finanzminister Pierre Gramegna ugeschwat: „De Finanzminister hutt op eng smart Aart a Weis mat Argumenter iwwerzeege kënnen, am Ausland an heiheem. Am Beräich vum Fintech ziele mir elo schonn zu den éischten Adressen an Europa.

Vu d'Komplex vum Dossier a well den Impakt vum Brexit sech eréischt an e puer Méint evaluéiere léisst, huet den Eugène Berger och nach eng Ufro fir eng Interpellatioun zum Thema fir den Hierscht deposéiert, dat am Numm vum DP-Deputéierten André Bauler.


Ried vum Eugène Berger

 


Eugène Berger

André Bauler