Sie sind hier

Erhéijung vum Pappecongé - Eng DP-Iddi gëtt Realitéit

News Arbeit Familie Staat und Öffentlicher Dienst Claude Lamberty Corinne Cahen

D’Familljeministesch Corinne Cahen huet de Steen un d’Rulle bruecht: Pappe sollen no der Gebuert vum Kand méi Congé kréien. D’Regierung huet am Accord mat dem Patronat eng Erhéijung op 10 Deeg vum Pappecongé decidéiert.

Ech si frou, datt d’Regierung sech mam Patronat eens ginn ass, fir de Pappecongé op 10 Deeg ze erhéijen“, esou de Claude Lamberty, DP-Spriecher zur Aarbechtspolitik. „Eng immens positiv Nouvelle fir déi zukünfteg Pappen“, fënnt och d’Familljeministesch Corinne Cahen, déi d’Initiativ ergraff hat fir de Pappecongé an d’Luucht ze setzen.

D’Patronat huet dëser Erhéijung zougestëmmt, ënnert der dräifacher Konditioun, datt de betraffene Papp sengem Chef fréi genuch Bescheed seet, datt hien dëse Congé kann an Usproch huelen, datt déi 10 Deeg kënnen ënnerhalb vun 2 Méint opgedeelt ginn, wann de Patron an de Salarié dat esou wëllen an datt de Staat déi zousätzlech 8 Deeg aus dem Staatsbudget finanzéiert.

Et ass geplangt, datt de neie Pappecongé den 1. Januar 2018 a Kraaft trëtt.

 


Claude Lamberty

Corinne Cahen