Sie sind hier

Vill DP am Koalitiounsaccord

News Corinne Cahen Xavier Bettel

Op enger Pressekonferenz sinn d’Schwéierpunkte vum Koalitiounsaccord virgestallt ginn. D’Ofkommes muss elo vun de Parteigremien vun der DP, vun Déi Gréng a vun der LSAP ugeholl ginn. v.l.n.r. Etienne Schneider, Xavier Bettel, Corinne Cahen a Felix Braz.

Kontinuitéit – Moderniséierung - Zukunftschancen

D’DP begréisst de gudden a konstruktive Geescht, an deem d’DP, Déi Gréng an d’LSAP déi lescht Wochen um Koalitiounsofkommes geschafft hunn.

D’DP ënnersträicht, datt dësen Accord am Aklang mat all den Iddien ass, déi hir besonnesch wichteg sinn an déi an hirem Walprogramm stoungen.

D’DP steet voll a ganz hannert dësem Koalitiounsaccord, deen d’Land a seng Leit an den nächste Jore weider no vir bréngt an hiert Liewe verbessere wäert.

„Dat Koalitiounsofkommes steet am Zeeche vun der Wäitsiichtegkeet, der Innovatioun, der Gerechtegkeet a vun der sozialer Kohäsioun."
Xavier Bettel, Premierminister a Formateur.

Aarbecht & Liewen

D’DP huet sech déi lescht Joren dofir staark gemaach, fir de Bierger d’Verknäppe vun hirem Privat- a vun hirem Beruffsliewen ze vereinfachen. D’DP ass frou, datt d’Politik vun der neier Regierung wäert op dësem Wee virufueren.

Am Ofkommes gouf dofir d’Recht op Deelzäit-Aarbecht an op méi flexibel Aarbechtszäite festgehalen.

Den Télétravail gëtt vereinfacht an opgewäert.

Schliisslech goufen en zousätzleche Congésdag an en neie Feierdag (Europadag um 9. Mee) agefouert, un deem de Grënnungsmember Lëtzebuerg d’EU an all hire Facette presentéiert a feiere wäert.

Kanner & Zukunftschancen

D’Maisons Relaise sinn an Zukunft och wärend de Schoulzäite gratis. Och der DP hir Fuerderung fir e gratis Museksunterrecht fir all Kand gëtt ëmgesat.

Weider gëtt d’DP-Propos vun engem Gratis-Kannerveräinsbus agefouert, deen d’Kanner direkt vun der Schoul erfort an hir Veräinsaktitivéite féiert.

Donieft gëtt d’Kannergeld um Enn vun der nächster Legislaturperiod nees indexéiert. An zwar nodeems nei Prestations en nature ëmgesat gi sinn.

Identitéit & Kultur

E Schwéierpunkt vum DP-Walprogramm war d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch, déi weider entwéckelt gëtt. D’Lëtzebuergesch gëtt an a baussent de Schoule gestäerkt. Eis Sprooch soll och an Europa Gewiicht kréien. Doriwwer eraus gouf d’DP-Propos vun engem „Lëtzebuerger Haus“ am Koalitiounsaccord zeréckbehalen.

„Dëse Koalitiounsaccord féiert déi zukunftsweisend Politik aus de leschte fënnef Joer virun. Et ass en Accord vun der Kontinuitéit, vun der Modernitéit a vun den Zukunftschancen."
Corinne Cahen, DP-Presidentin, Leader vun der DP-Delegatioun bei de Koalitiounsverhandlungen.
  

Mobilitéit & Infrastrukturen

Esou wéi am DP-Walprogramm gefuerdert, ginn an Zukunft bedeitend méi Moyenen an den Ausbau an an d’Verbesserung vun de Mobilitéitsinfrastukturen investéiert. D’Prioritéit vun extra wichtege Projete gëtt eropgesat.

Och de gratis ëffentlechen Transport, deen d’DP an hirem Programm stoen hat, ass am Koalitiounsaccord festgeschriwwe ginn.

Niewent der Aféierung vun intelligenten an digitale Verkéiersleedsystemer begréisst d’DP, datt hir Fuerderung no extra séiere Busverbindungen zeréckbehale ginn ass.

Wirtschaft a Finanzen

D’Budgetspolitik bleift um Wee vun der Kontinuitéit aus de leschte fënnef Joer. Dat gëllt och an zemol fir d’Steieren.

Déi nächst Regierung wäert weider a Richtung vun enger genereller Individualiséierung vun de Steiere goen, esou wéi d’DP dat gefuerdert hat.

Dat gëllt och fir déi steierlech Entlaaschtung fir kleng a mëttel Entreprisen, wou den Taux d’affichage dat anert Joer em 1 Prozentpunkt erofgesat gëtt. Eng weider Mesure betrëfft d’Besteierung vun de Betribsbeneficer. Bis elo louch den Taux bei 15% ab engem Benefice vu 25 000 Euro. Dee Seuil gëtt op 175 000 Euro eropgesat.

Digitalisatioun

Eng weider Fuerderung vun der DP, déi am Koalitiounsaccord steet, betrëfft d’Ofschafe vum Geoblocking bei Videoen um Internet. D’Regierung wäert sech op EU-Niveau dofir asetzen, datt digital Contenuen zu Lëtzebuerg neméi dierfe geblockt ginn.

Schliisslech begréisst d’DP, datt am Koalitiounsofkommes eng digital a biergerno Verwaltung festgeschriwwe ginn ass An Zukunft soll all Verwaltung online accessibel ginn.