Sie sind hier

Fir eng Landwirtschaft mat Zukunftsperspektiven

News Tribune libre Landwirtschaft und Weinbau Claude Loutsch

Léif Nolauschterinnen, Léif Nolauschterer,

D‘Nohaltegkeet, déi op den 3 Piliere vun der Ökologie, der Wirtschaft a vum Soziale berout, gëtt gäre just aus dem Bléckwénkel vun der Ökologie beliicht.

D’Bauere fille sech awer duerch dee pauschalen „Agri-Bashing“ dacks ongerecht behandelt an hunn am noen Ausland och scho géint Ongerechtegkeeten an hirem Beruff protestéiert.

D’Lëtzebuerger Landwirtschaft ass sech hirer Responsabilitéit am Ëmwelt-, Klima- a Waasserschutz duerchaus bewosst, mee d'Bauere sinn eben och landwirtschaftlech Entreprisen a musse kënne wirtschaftlech produzéieren, fir kompetitiv ze bleiwen. Familljebetriber erfëllen hir sozial Komponent doduerch, dass si nach wie vor de gréissten Arbeitgeber am ländleche Raum sinn, déi iwwer Generatiounen ewech plangen, funktionéieren an investéieren.

Ënnert der Responsabilitéit vun der DP ass an der leschter Legislaturperiod en Agrargesetz op d‘Bee gesat ginn, dat méi ass wéi just e Subsidiegesetz.

Am Sënn vun de jonke Bauere sollen – niewent der Spezialiséierung am Mëllech- an am Fleeschsekter – och d‘Marktnischen an déi biologesch Landwirtschaft méi promouvéiert an diversifiéiert ginn. Sief datt z.B. am Geméisbau oder an der Gefligelproduktioun, déi zu Lëtzebuerg praktesch 100% defizitär sinn.

Iwwer Aktiounsprogrammer – zesumme mat den Acteuren aus der Landwirtschaft, der Veraarbechtung an aus dem Handel – wier et sënnvoll, och de Konsument mat anzebannen, fir nach méi nohalteg, lokal a regional ze produzéieren an de Baueren doduerch Perspektiven ze bidden.

Duerch eist Kafverhale kënne mir d‘Produktioun vum Bauer awer nach méi beaflossen, wéi e politesche Programm dat fäerdegbréngt. De Bauer orientéiert sech nämlech un der Nofro vum Maart a produzéiert am Prinzip dat, wat gefrot gëtt.

Mir sollen awer net nëmmen op de Maart an op d‘Liewensmëttelproduktioun setzen, mee eben och aner Déngschtleeschtungen honoréieren, wéi d‘Fleeg vum Landschaftsbild, de Waasser- a Klimaschutz an d‘Erhaale vun der Aartevillfalt. Ech denken do un eng Vollkäschterechnung, an där de Faktor Ëmwelt méi staark berécksiichtegt gëtt.

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

D‘DP setzt op eng Politik vum Mateneen mam Ausbau vu kompetenter Berodung, Formatioun, Digitalisatioun, Fuerschung an Innovatioun. Mir setzen eis weider dofir an, fir eiser Landwirtschaft déi néideg Moyennen zouzestoen, datt och di kommend Generatiounen Zukunftsperspektive behalen... an engem gesonde Klima matten an eiser Gesellschaft. Well nom Bauer kennt kee méi.