Sie sind hier

Mobilitéit & Infrastrukturen

News Chamberwalen Landesplanung und Wohnen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Marc Hansen

An der Serie vu Pressekonferenzen, déi d’DP iwwer hir fënnef Haapttheme mécht, hunn de Logementsminister Marc Hansen an eise Generalsekretär Claude Lamberty der Press elo d’Iwwerzeegungen an d’Virschléi vun der DP am Kontext mat der Mobilitéit a mat den Infrastrukture gemaach.

A punkto

Mobilitéit

huet de Claude Lamberty direkt kloergestallt, datt d’DP hei keng Dogmen huet, ma Resultater wëll: „Mir wëllen den Auto de Vëlo an den ëffentlechen Transport net géinteneen ausspillen, ma mir wëllen dofir suergen, datt all Verkéiersmëttel déi néideg Infrastrukturen huet, fir d’Leit méiglechst séier a komfortabel vun A op B ze bréngen.

D’DP wëll och dofir suergen, datt d’Investissementer an d’Mobilitéit gehéicht ginn, esou de Marc Hansen: „Projete musse méi séier realiséiert ginn. D’Mobilitéitskonzept an de Plan sectoriel Transport musse konsequent an och méi séier ëmgesat ginn. Dofir muss déi festgesate Prioritéitelëscht iwwerschafft an zäitlech virgezu ginn.

Dem Marc Hansen schéngt et och evident, datt d’Digitaliséierung hëllef kann, fir den alldeegleche Verkéiersfloss duerch intelligent Systemer ze verbesseren: „Jee no Trafic kann een d’Zuel vun de Fuerspuren – an eng oder an déi aner Richtung – änneren, fir datt et manner staut. Och Pannespure kënnen an de Spëtzestonnen als zousätzlech Fuerspur profitéiert ginn.

Ma och e bessere Planning vun de Stroosseninfrastrukture kann der DP no vill beweegen. D’DP wëll zesummenhängend Projeten z.B. och zesumme plangen a realiséieren, wat Zäit spuere kann.

D’DP ass bekanntlech fir e gratis ëffentlechen Transport a wëll de Reseau vum Tram intensiv an iwwert den Zentrum vum Land eraus ausbauen.

Wat

d’Logementspolitik

betrëfft, huet de Ressortminister Marc Hansen sech nach eemol géint Enteegnungen ausgeschwat: „Mir wëllen net, datt Leit hiert Land ewechgeholl kréien, fir dat se evtl hiert Liewe laang bezuelt hunn, fir datt anerer kënnen op deem Terrain bauen.

Fir d’éischt sollt een déi disponibel Moyenen iwwer eng länger Zäit ewech applizéieren, z.B. op Gemengenniveau: „Déi Geneemegungsprozedure fir Wunnprojeten am Bauperimeter musse vereinfach ginn, fir datt méi einfach a méi séier ka gebaut ginn.“ An déi nämmlecht Richtung geet och den DP-Virschlag, fir déi concernéiert Ministèren am Logement (Interieur, Logement an Ëmwelt) an engem Ministère zesummenzeleeën.

Eng aner Propos gesäit vir, datt Gemenge solle substantiell vum Staat ënnerstëtzt ginn, wa se selwer Wunnprojete realiséieren.

Mir hu scho vill méi gebaut, wéi dat virdu gemaach ginn ass“, esou de Marc Hansen, „d’Léisung fir méi bezuelbare Wunnraum ze schafen, besteet fir eis zemol doranner, fir nach méi Wunnengen ze bauen.

 


Marc Hansen

Claude Lamberty

AnhangGröße
PDF Icon 20180829_pk_pressedossier.pdf172.5 KB