Sie sind hier

Identitéit & Kultur

News Chamberwalen Gesellschaft Kultur Claude Meisch Claude Lamberty

Der DP hire Walprogramm fousst bekanntlech op 5 Themesailen: Aarbecht&Liewen, Kanner&Zukunftschancen, Mobilitéit&Infrastrukturen, Wirtschaft&Finanzen an Identitéit&Kultur. Op enger Pressekonferenz iwwert de Volet Identitéit&Kultur huet de Claude Meisch elo d’Virstellungen an d’Iwwerzeegunge vun der DP zu deem Thema presentéiert.

Fir d’DP ass den Erfollegsmodell Lëtzebuerg eng Mëschung, wou een sech wuel senger Vergaangenheet bewosst ass, ma an engems eng Oppenheet fleegt, déi eisem Land bis elo méi wéi gekléckt ass. „Lëtzebuerg ass traditiounsbewosst a weltoppen, hei gëtt Lëtzebuergesch geschwat a vill aner Sproochen“, esou de Claude Meisch.

D’Roll vun eiser Sprooch huet d’DP jo ë.a. duerch d’Schafe vun engem Zentrum fir d’Lëtzebuergesch mat engem Kommissär ënnerstrach, wou d’Basis fir eng systematesch Sproochepolitik geluecht ginn ass. Den nächste Schrack ass d’Ausschaffe vun engem 20-Joresplang, fir déi systematesch Fërderung vun eiser Sprooch ze garantéieren. Op der Plattform sproocheronn.lu kënnen d’Bierger vun hirem Matsproocherecht profitéieren.

Fir der Lëtzebuerger Identitéit&Kultur e Gesiicht an eng Plaz ze ginn, wëll d’DP e Lëtzebuerg-Haus schafen, wou alagesiessen an nei Lëtzebuerger sech kënnen e Bild maachen; vun eiser Sprooch, der Musek, dem Sport, der Natur, der Geschicht, der Literatur an eiser Gastronomie. D’Lëtzebuerg-Haus, eng Plaz, wou sech mat där komplexer Identitéit vum Land beschäftegt gëtt.

„Et geet net duer, ze soen, mir wëlle bleiwe wat mir sinn, wa mer emol guer net wëssen, wien a wat mer da wierklech sinn“, esou de Claude Meisch.

Aner Initiative sinn den nei agefouerten Dag vum Lëtzebuerger Patrimoine, geplangten Applikatiounen an Internetsäiten iwwer d’Lëtzebuerger Kulturgeschicht oder d’Schafe vun enger Datebank mat Wierder, Ausdréck a Spréch, déi riskéieren an de Vergiess ze geroden.

D’DP wëll der Lëtzebuerger Sprooch awer och en Accès an déi virtuell Welt verschafen a wëll sech dofir asetzen, datt Sproocherkennungsprogrammer wéi Alexa oder Siri Lëtzebuergesch verstinn.

Sputt gëtt et och beim Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch a sensibele Beruffsfelder, wéi an der Gesondheet oder am Alters- a Fleegeberäich. D’DP wäert dofir suergen, datt d’Lëtzebuergesch-Coursen an engem Aktiounsplang weider ausgebaut ginn, fir dem Personal aus deene Secteure prioritär d’Sprooch méi nozebréngen.

Eise Generalsekretär Claude Lamberty huet op der Pressekonferenz annoncéiert, datt de Walprogramm vun der DP op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch iwwersat gëtt. De Kuerzwalprogramm iwwerdeems gëtt op Englesch, Portugisesch iwwersat a kënnt an enger liicht verständlecher Versioun eraus fir Leit mat Verständnisproblemer. Schliisslech kënnt de ganze Programm och an enger Audio-Versioun eraus, fir ze lauschteren.

 


Claude Meisch

Claude Lamberty

AnhangGröße
PDF Icon 20180823_pk_pressedossier.pdf161.44 KB