Sie sind hier

Nei Ära an der Geschicht vum Lëtzebuerger Rettungswiesen ass agelaut ginn

News Gesundheit und Pflege Lydie Polfer Max Hahn

Et gouf héich Zäit

Den DP-Deputéierte Max Hahn huet drun erënnert, dass wärend Joren onnëtz Zäit verplempert ginn ass a vill gepléischtert gouf. Just wann et guer net méi gaangen ass, si just häpperchersweis e puer professionell Ambulancieren agestallt ginn. Keng Spuer vu nohalteger, struktureller Planung war ze erkennen.

Et stellt keen d’Néidegkeet vun dëser Reform a Fro

“De System, wéi mir en haut hunn, huet iergendwéi fonctionnéiert, mä heiansdo huet een sech gefrot wéi ? D’Zuel vun den Asätz sinn enorm an d’Luucht gaangen, an d’Zuel vun de Fräiwëllegen ass enorm erofgaangen. An awer, et ass ëmmer Hëllef komm, wann een der gebraucht huet,” esou de fréieren Offizéier bei de Beruffspompjeeën, Max Hahn.

Jidderee vun de Fräiwëllege soll seng Plaz am neie System fannen

“Déi Fräiwëlleg wäerten an Zukunft net manner, mee méi gebraucht ginn. Si sinn haut schonn d’Häerzstéck vun eisem Rettungswiesen a wäerten dat och nach no der Reform bleiwen,” esou de Max Hahn op der Chamberstribüne. Méi Asätz mat manner Leit ass op Dauer keng gesond Mëschung ! D’Politik war also gefuerdert fir éischtens d’Rettungswiesen ze professionaliséieren an zweetens d’Aarbecht vun de Fräiwëllegen uerdentlech ze remuneréieren.

Spuert net bei der Entschiedegung vun eise Fräiwëllegen!

D’Demokratesch Partei fuerdert, dass d’Entschiedegungen dem Asaz, an der Wäertschätzung, déi mir géigeniwwer vun eise Fräiwëllegen hunn, entsprieche mussen. Déi dausende Fräiwëlleger engagéieren sech aus Iwwerzeegung a net wéinst de Suen. Trotzdeem huet de Max Hahn folgenden Appell un den zukünftege Verwaltungsrot vum CGDIS gemaach: “Spuert net bei der Entschiedegung vun eise Fräiwëllegen!”

Eng Professionaliséierung gëtt et net zum Null-Tarif

“Mir setze mat dësem Gesetz de Kader fir d’Rettungswiese vu muer. Mir wäerten awer nieft enger Schëpp Gedold, och déi néideg finanziell Mëttel mussen opbréngen, fir landeswäit dëse performante Rettungsservice kennen ze garantéieren. Eent ass awer ganz kloer: dat wäert eppes kaschten, mee dat si mer eise Bierger schëlleg ! “ esou de Süd-Deputéierten.

D’Land brauch méi SAMUen!

De Max Hahn huet och dorobber opmierksam gemaach, datt déi aktuell 3 SAMUen zu Esch, zu Ettelbréck an an der Stad net duer gi fir e performante Service unzebidden, an dëst besonnesch am ländleche Raum. D’DP fuerdert ganz kloer d’Unzuel vun de SAMUen ze erhéijen. D’DP ass och derfir d’Hausdokteren optionell an dat aktuell Noutfall-Konzept anzebannen. Doniewent muss och garantéiert ginn, dass d’Patienten och no der Aliwwerung an den Urgencë schnellstméiglech déi noutwendeg Versuergung kréien.

Pompjee ass méi wéi jee e Beruff mat Zukunftsperspektiven!

D’Reform vum Rettungswiesen ass eng gutt Geleeënheet fir vill Fräiwëlleger, hiren Hobby zum Beruff kënnen ze maachen, zemools wou si vun enger Prioritéit bei der Astellung profitéieren. Ofschléissend huet den DP-Deputéierte Max Hahn vun der Geleeënheet profitéiert fir alle Pompjeeën, Ambulancieren a Sauveteuren, déi esou vill fir eis Gesellschaft, an dat 24 Stonnen op 24, Dag fir Dag fir hiren Asaz, fir hiert Engagement a fir hier Leidenschaft e grousse Merci auszespriechen!

 

 

Ried vum Max Hahn

D’Stater Pompjeeë vun Ufank un derbäi

D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ass zefridden, dass d’Beruffspompjeeën net ewéi ufanks geplangt, eréischt no 5 Joer an de CGDIS integréiert ginn, mä direkt vun Ufank u kënnen hir Erfarung mat hiren neie Kollegen deelen. “Jo, ech hu mech och derfir agesat, datt d’Integratioun vun de Stater Beruffspompjeeën net zu hiren Ongonschte geschitt, wat d’Paien an de Congé ugeet”, esou d’DP-Deputéiert ofschléissend.

 

Ried vum Lydie Polfer

 


Max Hahn

Lydie Polfer