Sie sind hier

Eng nei Entréesdier aus dem Süden an d’Stad

News Mobilität und Verkehr Claude Lamberty

Den Deputéierte Claude Lamberty huet gëschter zum engem groussen a bedeitende Projet geschwat, andeem et ëm déi éischt Phase vum Neibau vun der N3 tëscht der Stater Gare a Bouneweg geet.

„Stop and go“ op der Route de Thionville

Déi éischt Phase vun 3 wäert alleguer d'Leit betreffen déi all Dag duerch d'Gemenge vun der Stad Lëtzebuerg an Hesper fueren, fir sech hire Wee an den Zentrum ze sichen. Den Hesper Conseiller Claude Lamberty huet op den aktuelle Kontext higewisen: „Kuckt een sech haut d’Situatioun un, stellt ee fest, dass esou eng Reform vum Verkéiersfloss dréngend néideg ass a gréisser Verännerungen a Verbesserunge am Gesamtkonzept déi richteg Äntwert sinn op déi dach extrem problematesch Situatioun déi sech haut all Dag stellt.“ Hien huet vun engem kilometerlaange „Stop and go“ op der Route de Thionville, scho wäit virun Hesper a Richtung Stad geschwat, an dat Moies an Owes. Dëst stellt eng extrem Belaaschtung vun der Wunn- a Liewensqualitéit fir d’Leit am Raum Weiler, Contern, Fenteng, Izeg, Alzeng, Hesper, Houwald, Bouneweg bis op Gare an an d’Stad eran duer.

E Projet fir méi Liewensqualitéit, och zu Hesper

Fir dës Problemer an de Grëff ze kréien, gouf e Gesamtkonzept op d'Been gestallt, wat d'Strooss hält: „Ech kann der Regierung nëmme felicitéiere fir dëse Projet, dee vun der Gemeng Hesper, der Stad Lëtzebuerg an doriwwer eraus fir déi weider Phasen déi wäerte kommen och mat anere Gemengen zesummen diskutéiert an ausgeschafft wäert ginn.“ esou den DP-Deputéierte weider. „Déi aktuell Haaptverkéiersachs N3 – d’Route de Thionville also – wäert spéider zréck gestuuft gi well et eben des nei N3 gëtt. Wat um Pabeier villäicht just no enger banaler Streckebezeechnung kléngt ass et fir ganz vill Awunner am Raum Hesper a Stad einfach eng total Steigerung vun der Liewensqualitéit an eppes wat méi wéi sehnsüchteg zu Weiler, zu Hesper, um Houwald an zu Bouneweg erwaart gëtt.


Ried vum Claude Lamberty

 


Claude Lamberty