Sie sind hier

Observatoire de la qualité scolaire: D'Stëmm vun der Wëssenschaft

News Bildung Claude Meisch Claude Lamberty Lex Delles

Dës Woch gouf um Krautmaart eng nei Struktur an d'Liewe geruff: Den Observatoire de la qualité scolaire.

Den DP-Deputéierten a Rapporteur Claude Lamberty huet d'Missiounen an de Fonctionnement vum neien Organ virgestallt: "Den Observatoire gëtt eng extern, neutral an onofhängeg Struktur, déi soll e Bléck vu baussen op eise Schoulsystem werfen. Heibäi soll et net drëms goen, fir den Enseignantë permanent iwwert d'Schëller ze kucken an si ze kontrolléieren, ma dorëmmer fir en objektive Constat vun dem ganzen Bildungssystem ze maachen.

Dat betrëfft zum Beispill de gerechten Accès fir d’Schüler zur Educatioun, de Respekt vun hire perséinleche Rechter, d'Wëssensvermëttelung oder d'Fërdere vun hire perséinlechen, kulturellen a soziale Kompetenzen.

Nieft sengem Aktivitéitsrapport wäert den Observatoire all Joer op d’mannst een thematesche Rapport mat senge Recommandatiounen iwwer ee bestëmmte Beräich publizéieren. All dräi Joer kënnt dann nach een nationale Bildungsrapport derbäi, deen déi global Schoulsitatioun vum Land an d'Bildungspolitik vum Ministère beschreift an op enger wëssenschaftlecher Basis analyséiert.

 

Ried vum Rapporter Claude Lamberty

 

Den DP-Deputéierte Lex Delles huet sengersäits ënnerstrach, datt mir an Zukunft eng méi kollektiv Reflexioun brauchen, déi een externen a konstruktive Bäitrag zu den Erausfuerderungen an de Schoule liwwert. "Grad well d'Erausfuerderungen an der Schoul esou grouss sinn, gëtt et Zäit fir méi op Fakten ze lauschteren, d'Situatioun an eise Schoule wëssenschaftlech z'analyséieren, op d'Stëmm vun der Gesellschaft an aus der Recherche ze lauschteren, fir dono an aller Kontinuitéit kënnen d'Defien een nom aneren unzegoen", esou de Lex Delles.

 

Ried vum Deputéierten Lex Delles

 

Bildungsdësch: Consultatiounsdebatt ugefrot

A senger Interventioun huet de Bildungsminister Claude Meisch och nach eng Kéier seng d'Iddi vun engen "Lëtzebuerger Bildungsdësch" verteidegt a eng Consultatiounsdebatt an der Chamber ugefrot. Dëse Bildungsdësch soll an Zukunft als Plattform genotzt ginn, an där sech all d‘Acteuren aus dem Schoulwiesen, wëssenschaftlech Experten a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft, kënnen oppen iwwert d‘Situatioun an der Educatioun austauschen an hir Konklusiounen zéien.

D'DP steet och voll a ganz hannert där Approche. D'Schoul soll op kee Fall zum Spillball vu parteipolitesche Consideratioune ginn. An eisen Ae muss an Zukunft méi op d'Stëmm vun der Wëssenschaft an der Gesellschaft lauschtert ginn an d'Partizipatiounskultur, déi elo agefouert gouf, weider héich gehale ginn.

 

Ried vum Bildungsminister Claude Meisch

 


Claude Lamberty

Lex Delles

Claude Meisch