Sie sind hier

Nei Gesiichter am Parteisekretariat

News

Säit Ufank vun dësem Joer ass d’Sekretariat vun der Demokratescher Partei nei besat. D’Désirée Biver an d’Martine Goergen empfänken Iech elo op dëser Plaz, a stinn Iech bei all Äre Froen an Uleies sou gutt wéi méiglech zur Säit. Et ass hier Prioritéit en enke Kontakt mat deenen eenzelne Sektiounen ze halen an sech em hier Besoinen ze këmmeren, och en Vue vun de Gemengewahlen 2017. Mee wee sinn déi zwee nei Mataarbechter bei der DP iwwerhaapt? Hei ënnendrënner hutt Dir d’Méiglechkeet si kennen ze léieren.

Numm : Désirée Biver
Alter : 30
Wunnuert : Groussbus

1985 sinn ech zu Ettelbréck op d’Welt komm, a wunne säit deem zu Groussbus. Nodeems ech 2006 am Dikrecher Kolléisch eng Ire E (Arts plastiques) gemaach hunn, hunn ech mech op der Université Libre de Bruxelles (ULB) ageschriwwen, wou ech erfollegräich en Diplom am Master vun der Konschtgeschicht ofgeschloss hunn.

D'Politik hunn ech relativ frei fir mech entdeckt. Iergendwann ass et mir awer net méi duergaangen, mech nëmme passiv iwwert d'Politik ze informéieren a mech doheem iwwer divers Mëssstänn an eiser Gesellschaft opzereegen. Ech wollt selwer aktiv ginn, fir mat mengen eegenen Iddien eppes ze bewierken. Dofir engagéieren ech mech säit geraumer Zäit an der JDL, a bei der Demokratescher Partei, wou ech am Mee 2015 als Éischtgewielt fir den Norden an de Comité directeur erakomm sinn. Am September 2015 hunn ech mech bei de Komplementarwahlen zu Groussbus opgesat, a vill Wieler hu mir hiert Vertraue geschenkt, sou dass ech lo Conseillère am Gemengerot sinn. Nieft dem Gemengerot sinn ech an der Groussbuser Jugend- a Sportkommissioun, an an der Integratiounskommissioun vum Réidener Kanton engagéiert. Ech engagéiere mech deemno fir eng ganz Rei Sujeten déi eis Gesellschaft betreffen, och wa mir als Konschthistorikerin d'Kultur speziell um Häerz läit.

Zesumme mam Martine krut ech déi éirevoll Charge, d’Parteisekretariat ze iwwerhuelen, a säit deem hu mir well e ganze Koup Saachen erlieft an Erfahrunge gemaach. Mir freeën eis ausserdeem op alles wat an deene nächste Wochen a Méint op eis duer kënnt, an hoffen dass mer Iech, léif Memberen, oft bei eis kënne begréissen.

Numm : Martine Goergen
Alter : 25
Wunnuert : Déifferdeng

Mäi Numm ass Martine an ech schaffe säit Ufank Januar am Parteisekretariat vun der DP. Mee och virdru war ech scho politesch interesséiert an aktiv. Scho während mengem Studium an der Psychologie zu Heidelberg an Tréier, deen ech d’läscht Joer mat engem Master ofgeschloss hunn, sinn ech 2011 zu Déifferdeng mat an d’Gemengewahle gaangen. 2013 hu mir zu Déifferdeng d’JDL Sektioun nei opliewe gelooss, wou ech elo Presidentin sinn. Am selwechte Joer sinn ech och als Conseillère an de Gemengerot nogeréckelt. Niewent deem Amt sinn ech awer och a verschiddene Gemengekommissiounen aktiv, zum Beispill och an der Kannerkommissioun, wou ech hëllefen de Kannergemengerot z’organiséieren.

Bei de politeschen Themen interesséiere mech virun allem de soziale Beräich mat engem staarke Fokus op Kanner a Jugendlecher, souwéi och d’Kultur an do um lokale Plang besonnesch d’Veräinsliewen. Vill Zäit an Aarbecht fléissen a menger Fräizäit an eis Harmonie zu Déifferdeng, an der ech säit iwwer 15 Joer Flütt spillen a Member vum Comité sinn. 

Ech freeë mech op déi nei Erausfuerderungen an Aufgaben, déi mech bei der DP erwaarden a si frou vill nei an interessant Leit kennen ze léieren. Ech hoffen, datt ech kann hëllefen, weiderhin eng gutt Stëmmung ënnert de Memberen ze verbreeden an eisen engagéierte Leit an de Sektiounen ënnert d’Ärem ze gräifen.