Sie sind hier

50 Joer Femmes Libérales - Gläich politesch Matbestëmmung!

News

Et war e grousst Fest op der Schéiss, esou wéi et sech gehéiert, fir de 50. Gebuertsdag vun enger Associatioun wéi de Femmes Libérales.

50 Joer Asaz fir soziale Fortschrëtt, fir d’Rechter vun de Fraen, fir politesch Bildung a Sozialpolitik. An an engems ass direkt den 100. Anniversaire vum Walrecht vun de Frae matgefeiert ginn.

An enger Zäit, an där nach ëmmer nëmme 15 vu 60 Deputéierte Frae sinn, an 12 vun 102 Gemenge vun enger Buergermeeschtesch gefouert ginn, bleift dat erkläerten Zil vun der Presidentin Simone Beissel eng gläichberechtegt politesch Matbestëmmung vun de Fraen. Op kommunalem an op nationalem Niveau.

D’Grënnungsmembere vun de Femmes Libérales am Joer 1969 waren d’Henriette Jung-Hoffmann (Presidentin), d’Colette Flesch, d’Milli Mart-Francq, d’Annette Schwall-Lacroix, d’Liliane Thorn-Petit an d’Lilly Welter-Brausch.