Sie sind hier

Aus dem RMG gëtt de REVIS

News Familie Claude Lamberty Corinne Cahen

De Méindeg huet d’Familljeministesch Corinne Cahen der zoustänneger Chamberskommissioun an der Presse de Projet iwwert de Revenu d’Inclusion Sociale virgestallt. Dëse soll an Zukunft den RMG ersetzen.

Ee vun de groussen Objektiver ass, nieft der professioneller Aféierung, och déi sozial Inclusioun ze verbesseren. De Sënn vun enger finanzieller Hëllef däerf et nämlech net sinn déi Betraffen dauerhaft dervunner ofhängeg ze maachen, mä hinne reell Optiounen unzebidde wéi si erëm Fouss um Aarbechtsmaart an an eiser Gesellschaft kënne faassen.

Konkret heescht dat, datt de Leit hir perséinlech Situatioun gekuckt gëtt an se dann entweder an eng reng Aarbechtsmesure kommen, d’ADEM, oder bei den Office nationale d’Inclusion Sociale (ONIS), wou dann éischter sozial Mesure gräifen. Ënnert déi villfälteg Offer, déi vum ONIS ugebuede gëtt, kennen zum Beispill Sproochecourse fir Migrante falen.

 „Schaffe goe muss sech lounen
Claude Lamberty, Rapporteur

Et gi positiv Incentiver geschaaft fir dass d’Leit erëm motivéiert si fir ze schaffen. Mam REVIS gëtt ee belount wann een deels erëm schaffe geet an net méi bestrooft. An Zukunft kennen och 2 Persounen am Stot schaffe goen a niewebäi Sue verdéngen. Dat wäert besonnesch de Fraen ze gutt kommen.

De REVIS ënnerstëtzt zudeem geziilt Famillje mat Kanner. Dorobber huet d’Familljeministesch Corinne Cahen bei dësem Gesetz besonnesch Wäert geluecht:

Famillje mat Kanner, sief dat Monoparentauxen oder Groussfamilljen, wäerte mat dëser Reform besser ewech kommen ! Et sinn nämlech grad si déi momentan ganz no un der Aarmutsgrenz liewen! “
Corinne Cahen, Familljeministesch


Claude Lamberty

Corinne Cahen