Sie sind hier

Transparenz, eng politesch Blackbox?

News Zu Gast im Land Gemeinden Romain Becker-Fandel

All ze oft gëtt a Gespréicher an a Commentairë behaapt, et géif der Politik un Transparenz feelen. Mee ass Transparenz dann nëmmen en Angschtausléiser fir Politiker oder eng Chance fir eng méi volleksno Politik?

Hei stellen sech an dem Kontext e puer Froen. Ass Transparenz e Gradmiesser fir d’Demokratie an engem Land oder an enger Gemeng? Wéi wäit kann Transparenz goen, zu wat fir engem Zäitpunkt ass se néideg oder méiglech, fir wat fir e Publikum? Kann Transparenz zu enger Gefor fir eng Demokratie ginn?

Transparenz heescht an sech emol guer näischt ausser dat eppes kloer an duerchsiichteg ass. Allerdéngs hänkt dat ganz staark vum dem of dee kuckt. Eng mathematesch Formel ass fir e Physiker ganz transparent an hirer Ausso, e Botaniker kann net onbedéngt vill domat ufänken. Ass d’Formel dofir also net transparent? Wann de Botaniker vun enger Taraxacum sect. Ruderalia schwätzt ass hien och ganz transparent. Hien schwätzt da vun enger Pissblumm! Et gesäit een, dat et wichteg ass fir déi néideg Kenntnisser oder Kompetenzen ze hunn fir eppes als transparent ze gesinn.

Genee esou ass et och mat de politeschen Dossieren. Déi si vu Prozeduren, Gesetzer an Reglementer konditionéiert, dat ka fir deejéinegen den net dat néidegt Grondwëssen huet ganz séier ontransparent sinn. Wëssen ass also de Schlëssel fir Transparenz.

Rezent Beispiller sinn d’Diskussioune ronderëm de CETA an den TTIP. Hei gouf vun Interessegruppe gefuerdert d’Bierger an d’Gemengepolitiker sollten iwwert Themae matdiskutéieren déi deene meeschte vun hinnen awer éischter abstrakt waren. Am Kader vun deenen Diskussiounen huet sech och d’Fro gestallt wéini, wien, wat sollt gewuer ginn? Déi Fro stellt sech grondsätzlech. Wéi kann e Gemengeverantwortlechen den am allgemengen Interessi schaffe muss, z.B. en Ukaf vun engem Terrain maache wann hien all seng Kaarte vun Ufank un op den Dësch leeë muss? Dat entsprécht net dem Prinzip vun enger Verhandlung. Et muss also och gekläert gi wéini Transparenz wichteg ass,soss riskéiert si, verkéiert agesat, eng Gefor fir e Projet ze sinn. Awer et mussen och Critèrë festgeluecht ginn déi et erméiglechen Transparenz miessbar ze maachen.

Transparenz kann esou gesi vun de Politiker als Kontrollverloscht empfonnt ginn. Allerdéngs bestinn awer och grouss Chancë fir enger besser Politik maachen ze kënnen. En Abanne vun engagéierte Bierger an en demokratesche Prozess dréit sécherlech derzou bäi dat et méi séier kloer gëtt wou de Schong bei de Leit dréckt. An grad hei kënnten, nee sollten déi berodend Kommissiounen op Gemengenniveau méi eng grouss Roll spillen. Den interesséierte Bierger soll eng Platz hunn wou hien sech informéieren an och ausdrécke kann. Natierlech verlaangt dat no Flexibilitéit wat d'Besetzung vun de Kommissiounen ugeet an och un hire Moyene muss geschafft ginn. Politik brauch net vun uewen erof gemaach ze ginn, fir Transparenz ze schaffe brauch et eng méi horizontal Approche.

De Gewënner ass eis liberal an demokratesch Gesellschaftsform, déi méi staark gëtt a besser géint d’Messagë vun extremistesche Gruppéierunge kann untrieden. En opgekläerten an engagéierte Bierger ass e Garant fir politesch Transparenz well hien d’Wëssen an déi richteg Platz huet fir sech auszedrécken. Transparenz gutt applizéiert stäerkt eis gesellschaftlech Wäerter, an dat brauche mär hautdesdaags méi wéi jee. Et läit un de Parteien an un de Politiker fir aus enger Blackbox en Instrument fir eng lieweg Demokratie ze maachen!

 

Romain Becker
DP-Member am Gemengerot zu Käl a Member vun der FCCD

 


Romain Becker-Fandel