Sie sind hier

Sektioun „Gemeng Cliärref“ gegrënnt: Neien DP-Elan am Norden!

News Safet Sabotic Raymond Beffort Edy Mertens Claude Lamberty Corinne Cahen Marc Hansen Marco Koeune

Déi liberal Famill am Norden vum Land huet gëscht en neien an dynamesche Member bäikrut. En éischte Succès vun der Cliärrefer Sektioun gouf et scho bei de Gemengewahlen am Oktober, wéi de Raymond Beffort an de Safet "Jacques" Sabotic an de Gemengerot gewielt gi sinn.

De Sektiounspresident Raymond Beffort huet gëscht ënnerstrach, datt d’DP sech fir d’Léit asetzt an d’Land no fir bréngt, an datt déi nei Sektioun och intensiv – an zesumme mat de Bierger – un neien Iddie schafft, fir d’Gemeng Cliärref weider z’entwéckelen.

Ënnert de sëlleche Leit op der Grënnungsversammlung waren ë.a. d’Parteipresidentin a Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen, de Logementsminister Marc Hansen, den DP-Generalsekretär an Deputéierte Claude Lamberty, den Nord-Deputéierten Edy Mertens an de President vun der DP-Norden, de Marco Koeune.

Den éischte Comité vun der DP-Sektioun Gemeng Cliärref: Raymond Beffort, President; Jean Linden, Vizepresident; Francy Godfroid, Sekretär; Christian Roth, Tresorier; Guy Ludig, Info Presse & Internet; Adrien Wouters, Internet & Facebook; Memberen: Raoul Bastendorff, Claudine Godfroid, Susi Kauthen, Roger Meyer, Ruben Pinto, Safet “Jacques” Sabotic, Romain Schanck, Guy Thill, Fernand Wagner a Marion Zeimes-Scheier.

Leit, déi wëlle matschaffen oder sech informéieren, kënnen d’Sektioun ënner cliaerref@dp.lu kontaktéieren.

Weider Informatiounen iwwer d’DP-Sektioun Gemeng Cliärref an hier Membere gëtt et op http://clervaux.dp.lu/