Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Ausnahmezustand Justiz und Sicherheit André Bauler Gusty Graas

Legalitéit vu franséischen a belsche Polisskontrollen?

Eis Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Ausseminister a beim Minister vun der nationaler Sécherheet nogefrot, wat et mat rezente Kontrolle vu belschen a franséische Polizisten zu Lëtzebuerg an un de Grenze mat den zwee Nopeschlänner op sech hat.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Wéi vill Leit ruffe momentan bei der Hotline "En oppent Ouer fir de Bauer, Wënzer a Gäertner" un?

Déi aktuell Coronavirus-Kris an déi dorausser entstanen déif Präisser um Weltmaart maachen och ville Baueren, Wënzer a Gäertner zu Lëtzebuerg ze schafen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot ob momentan méi Leit bei der Hotline "En oppent Ouer fir de Bauer, Wënzer a Gäertner" uruffen a wat aktuell hir gréisste Suerge sinn?

Parlamentarische Fragen Gemeinden Kultur André Bauler Gusty Graas

Exit-Strategië fir déi ëffentlech Bibliothéiken

Exit-Strategië fir Weeër aus dem Confinement héiert een am Ablack vun alle Säiten. Ma och d'Gemenge maachen sech Gedanke wéi en Déconfinement fir déi ëffentlech Bibliothéike kéint ausgesinn. D'Kultur a besonnesch d'Liesen ass de Bierger an dësen Zäiten immens wichteg, ma leider hunn d'Bibliothéiken hier Diere mussen zoumaachen. 

Wéi eng Méiglechkeeten et fir déi ëffentlech Bibliothéike ginn, hunn eis Deputéiert Gusty Graas an André Bauler bei den zoustännege Ministeschen nogefrot. 

News Ausnahmezustand Bildung Claude Meisch

Schrëttweis Reouverture vun de Schoulen

Op senger Pressekonferenz vum 16. Abrëll huet de Bildungsminister Claude Meisch d’Exit-Strategie fir de Lëtzebuerger Schoulsystem wärend der Corona-Kris virgestallt.

News Arbeit Ausnahmezustand Gesellschaft Mittelstand Marc Hansen

Enormt Potential och an Zukunft notzen

De Covid-19 huet d‘Welt op d’Kopp gehäit. Déi nei Sécherheetsmesuren hunn eis virun Erausfuerderunge gestallt, déi e groussen Impakt ë.a. op de Gesondheetssystem, op d’Schoulen an op d’Aarbechtswelt hunn.

News Ausnahmezustand Finanzen Staat und Öffentlicher Dienst Guy Arendt André Bauler Pierre Gramegna

De Staat investéiert vill Suen an d’Stabilitéit vun eiser Ekonomie

An de leschte Wochen huet d’Chamber eng Rei Gesetzesprojete fir d’Stabiliséierung vun der Ekonomie gestëmmt. De Pierre Gramegna huet nach weider Texter op den Instanzewee bruecht.

News Ausnahmezustand Finanzen Mittelstand Lex Delles

Weider Hëllefe fir de Mëttelstand

D’Covid-19-Kris ass eng grouss Erausfuerderung fir eis Ekonomie. Besonnesch déi kleng- a mëttelgrouss Entreprisen hunn et schwéier fir hir Fraisen ze decken. Dofir huet de Mëttelstandsminister Lex Delles séier reagéiert an huet weider net-remboursabel Hëllefe lancéiert.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Weider illegal Deponien tëscht Köppenhaff a Flébour

Well zënter enger Zäit tëscht dem Köppenhaff a Flébour ëmmer nees illegal Knascht entsuergt gëtt, wollt den DP-Deputéierten André Bauler vun der zoustänneger Ministesch wëssen, wat dogéint ënnerholl ka ginn an ob et z.B. méiglech wier, d'Zirkulatioun fir Autoen op där Plaz anzeschränken.

News Ausnahmezustand Bildung Hochschule Claude Meisch

Weltwäite Virreider: Minister Claude Meisch annoncéiert Fuerschungsprojet!

Am Kader vun engem neie Fuerschungsprojet, deen de Méinden uleeft, solle kënne 25% vun der Populatioun innerhalb vun enger Woch op Covid19 getest ginn. Dat si bis zu 20.000 Persounen den Dag. Domadder ass Lëtzebuerg weltwäite Virreider wat d'COVID-19 Testcapacitéiten uginn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Max Hahn

Wat gëtt géint déi illegal Deponie am Naturpark Our ënnerholl?

Schonn zënter enger Rei Jore gëtt et am Naturpark Our, tëscht Ënnereesbech a Stolzebuerg, eng illegal Deponie, op där allméigleche Knascht entsuergt gëtt. Well awer bis lo an deem Dossier nach net vill geschitt ze si schéngt, hunn d'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob hir dës Ëmstänn bekannt sinn a wat si dogéint z'ënnerhuele gedenkt.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Mysteriéis Vullekränkt: Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

Zënter enger Zäit gräift eng onbekannt Krankheet an Däitschland bei de Blomeesen ëm sech, bis ewell solle schonn dausenden Déiercher dorunner gestuerwe sinn. Och zu Lëtzebuerg wieren éischt Fäll gemellt ginn, heescht et an engem Zeitungsartikel. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Ëmweltministesch nogefrot, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ass a wéi vill Fäll bis lo bekannt wieren.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler Max Hahn

Wunnenge fir Jonker

Besonnesch fir jonk Leit ass et schwéier um Lëtzebuerger Immobiliëmarché eppes ze fanne wat zu hirer perséinlecher, finanzieller a sozialer Situatioun passt. Ma et gi jo Wunngemeinschaften, Studentewunnengen an och encadréiert Wunne fir Jonker. Wéi vill Projete sinn nach an der Realisatioun a wéi hunn d'Zuelen sech an deene leschte 5 Joer entwéckelt? Dës a weider Froen hunn eis Deputéierte Max Hahn an André Bauler dem Logementsminister gestallt. 

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Wouhier kënnt déi nei Verknaschtung vun der Kor?

Wéi rezent an der geschriwwener Press ze liese war, wier et op en Neits zu enger Verknaschtung vun der Kor komm, dat an der Géigend vun engem Käerjenger Supermarché. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob deem tatsächlech sou wier an ob schonn eppes iwwer d'Ursaache vun dëser Pollutioun gesot kéint ginn.

News Ausnahmezustand Familie Gesellschaft

Solidaresch Aktiounen zu Lëtzebuerg an Tipps fir sech d'Zäit ze verdreiwen

Den Ament verbrénge mir vill Zäit doheem, fir d’Verbreedung vum Corona-Virus esou gutt ewéi méiglech ze bremsen. Dofir hu vill Veräiner, Betriber an och Eenzeler flott Aktioune gestart, déi eis d’Liewe méi einfach solle maachen.

News Arbeit Ausnahmezustand Familie Gesellschaft Gesundheit und Pflege Corinne Cahen

Protektioun vu vulnerabele Leit an Ënnerstëtzung fir Familljen a Salariéen

De Schutz vun de vulnerabele Persounen ass eng Prioritéit an Zäite vum COVID-19. Dowéinst goufe besonnesch an de Spideeler an an den Altersheemer Precautioune geholl fir déi Leit ze schützen. Niewent strengen Hygiènesvirschrëften ass et virun allem wichteg fir de perséinleche Kontakt op en absolutte Minimum ze beschränken. Visitte sinn dowéinst weder am Spidol, nach am Altersheem erlaabt.