Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Frank Colabianchi Max Hahn

Wéini gëtt d'Vëlospist PC35 fäerdeg gestallt?

Wéi et schéngt, géif nach just e klengen Deel feelen, da kéint d'Vëlospist PC35 fäerdeg gestallt ginn. Domadder géif et eng duerchgehend Vëlosverbindung aus dem Raum Suessem a Käerjeng, iwwer d'Gemengen Dippech a Bartreng bis op Mamer an an d'Stad ginn. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Frank Colabianchi hu beim zoustännege Minister nogefrot, fir wéini dës Aarbechten ofgeschloss kéinte ginn.

News

Resultater vun de Wale fir de Comité directeur an déi 4 Regionalcomitéen

#demokratesch 131 Kandidate sinn ugetrueden an et hunn duebel Mol esou vill Memberen hir Stëmm ofginn, wéi um Kongress dat Joer virdrun.

Parlamentarische Fragen Bildung Landwirtschaft und Weinbau André Bauler

Gëtt déi nei Akerbauschoul fir d'Rentrée 2020/21 fäerdeg?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob déi nei Akerbauschoul zu Gilsdref, wéi virgesinn, fir d'Rentrée 2020/21 fäerdeg gëtt oder ob de Projet duerch d'Corona-Kris Verspéidung kritt.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

Mat Drone Réikitz retten?

D'Gebuert vun de Réikitz am Fréijoer fält dack mam éischte Méie vun de Felder zesummen. Well awer deene jonken Déieren hire Fluchtreflex nach net entwéckelt ass, lafen se net fort, wann de Mähdrescher kënnt a geroden ëmmer nees ënnert d'Messeren. Dëst féiert zu ganz uerge Blessuren, un deenen d'Déieren an der Reegel net direkt stierwen, mee lues verbludden. Hautdesdaags ass et awer méiglech, mat Drone mat Wärmebildkameraen e Feld séier ofzesichen, quitt dass déi héich Käschten ee verständlecherweis kënnen dovunner ofhalen, dee Service an Usproch ze huelen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hunn nogefrot, ob d'Regierung bereet wier, de Bauere finanziell bäizestoen, wann dës op sou e Service zréckgräife géifen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

En neien (alen) Zucharrêt zu Beesslek?

Nodeems d'Gare zu Beesslek virun enger Rei Joren zou gemaach gouf, freet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister no, ob et wéinst dem Bevëlkerungswuesstem an der Ëmgéigend net sënnvoll wier, dass den Zuch an Zukunft rëm do stoe bléif.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Mobilität und Verkehr Max Hahn Gusty Graas

Fluchverbindung Findel-Stockholm: Wat sinn d'Risike fir nei Corona-Infektiounen?

Well viru kuerzem a Schweden den Taux vun den Neiinfektiounen op iwwer 50 pro 100 000 Awunner geklommen ass, wat bei wäitem dat héchst a ganz Europa ass, huet déi däitsch Regierung de Bundeslänner d'Recommandatioun ginn, Leit déi aus Schweden an Däitschland reesen, fir zwou Wochen an d'Quarantaine ze schécken. Vu dass d'Luxair, déi zënter dem 29. Mee rëm flitt, och Stockholm vum Findel aus uflitt, hunn d'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn eng Drénglechkeetsfro un déi zoustänneg Ministere geriicht fir nozefroen, wéi se wëlles hunn mat där Situatioun ëmzegoen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Wirtschaft André Bauler Max Hahn

Wéi steet et ëm d'Holzwirtschaft zu Lëtzebuerg?

Déi laang Drécheperioden an de Borkenkäfer belaaschten eis Bëscher staark, virun allem d'Fichtebestänn si betraff. Dëst huet zur Konsequenz, dass de Marché mat Schuedholz iwwerschwemmt ginn ass a vill Bëschbesëtzer op hirem Holz sëtzebleiwen. D'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler hunn nogefrot, wéi et dem Secteur geet a wéi eng zousätzlech Mesuren eventuell geholl kéinte gi fir de betraffene Leit a Betriber ze hëllefen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi geet et viru mat den Aarbechten un de Vëlospisten am Norde vum Land?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass d'Aarbechten u verschiddene Vëlospisten am Norde vum Land opgehale goufen, wärend anerer nach guer net ugefaange gi sinn. Hien huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wat den aktuelle Stand der Dinge an där Hisiicht ass.

Parlamentarische Fragen Arbeit Gesundheit und Pflege André Bauler Carole Hartmann

Ass d'Préretraite solidarité opgrond vun der sanitärer Crise am Gesondheetssecteur suspendéiert?

Den 1. Juli 2018 gouf d'Préretraite solidarité annuléiert. An enger Iwwergangsphase, bleiwt se awer esou laang bestoen bis all d'Kollektivverträg, déi virum 1. Juli ënnerschriwwe goufen, ausgelaf sinn. Den DP-Deputéierten André Bauler a Carole Hartmann ass elo zu Ouere komm, datt d'Préretraite solidarité an der sanitärer Crise ausgesat gouf. An dësem Kontext, hate si e puer Froen un den Aarbechtsminister.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler Gusty Graas

Wéi gesinn d'Investisiounshëllefe fir d'Landwirtschaft ab dem 1. Januar 2021 aus?

Wéi gesinn d'Investitiounshëllefe fir d'Landwirtschaft ab dem 1. Januar 2021 aus? Dat ass eng Fro déi vill Baueren sech momentan stellen. Wéi laang wäert d'Iwwergangsphase dauere bis dat neit Agrargesetz a Kraaft wäert sinn? Ginn d'Tauxen erop? Wat ass wann een de Plaffong schonn erreecht huet? D'Bauere brauche Planungssécherheet fir kënne weider an hir Betriber z'investéieren. Dofir hunn d'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler de Landwirtschaftsminister gefrot, wéi d'Hëllefen ab dem 1. Januar 2021 wäerten ausgesinn a wéini hien de Secteur doriwwer wëll informéieren.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gilles Baum Gusty Graas

Kréien d'Wënzer eng Hëllef?

Well den Horeca-Secteur elo e puer Méint zou war an och all d'Foiren a Wäifester ofgesot goufen, hunn d'Lëtzebuerg Wënzer vill manner Wäi konnte verkafen. D'DP-Deputéiert André Bauler, Gusty Graas a Gilles Baum hu beim Wäibauminister nogefrot ob nach Hëllefe fir d'Wënzer kommen a wéi déi ausgesi wäerten.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Kreeslafwirtschaft am Waasserberäich

Dat europäescht Parlament an den europäesche Rot hu rezent e Reglement ugeholl, dat Qualitéitskrittäre festleet fir Ofwaasser an der Landwirtschaft kënnen ze notzen. Virum Hannergrond vum Klimawandel an ëmmer méi dréchene Summeren, solle sou déi national Waasserresourcë méi effikass genotzt kënne ginn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg an där Hisiicht aktuell ausgesäit an ob d'Regierung wëlles hätt, de "Waasserrecycling" an Zukunft méi staark ze fërderen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Zoustand vun der Bréck am Agang vu Veianen

Wéi dem DP-Deputéierten André Bauler zu Ouere komm ass, wier den Zoustand vun der Bréck iwwer d'Our an der Entrée vu Veianen an engem zimmlech schlechten Zoustand. Aus deem Grond huet hie beim zoustännege Minister nogefrot, wéi et ëm den Ënnerhalt vun dëser steet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn Gusty Graas

Digitaliséierung vun de Servicer vun der SNCA

D'Digitaliséierung vun de Verwaltungen an hire Servicer brénge vill Virdeeler fir d'Bierger, d'Corona-Kris huet dëst op en Neits ënnerstrach. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot wéi et ëm d'Digitaliséierung bei der SNCA steet.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Wéi gesäit et mat Antibiotiquë beim Schwéngefleesch aus?

D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler froen de Landwirtschaftsminister wat Lëtzebuerg ënnerhëlt fir den Asaz vun Antibiotiquen an der Fleeschproduktioun ze limitéieren. Si froen och beim Minister no, wéi d'Schwéngefleeschkonsommatioun evoluéiert huet, wéi vill Schwéngefleesch importéiert gëtt an ob do spezifesch Kontrollen op Antibiotique gemaach ginn.