Sie sind hier
Wéini gëtt d'Vëlospist PC35 fäerdeg gestallt?

Wéi et schéngt, géif nach just e klengen Deel feelen, da kéint d'Vëlospist PC35 fäerdeg gestallt ginn. Domadder géif et eng duerchgehend Vëlosverbindung aus dem Raum Suessem a Käerjeng, iwwer d'Gemengen Dippech a Bartreng bis op Mamer an an d'Stad ginn. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Frank Colabianchi hu beim zoustännege Minister nogefrot, fir wéini dës Aarbechten ofgeschloss kéinte ginn.
Fro
Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute weiderzeleeden:
« D‘Prioritéit fir d‘Fäerdegstellung vun der Vëlospist PC 35 (al PC 38) ass rezent vun 2 op 1 ëmklasséiert ginn. Tatsächlech muss nach just d’Ënnerféierung vun der N5 op der Héicht vun der Gréivelsbarriäre realiséiert an de Belag am Bësch frësch gemaach ginn, fir eng duerchgehend Verbindung fir de Vëlo vu Suessem, iwwer d’Gemengen Dippech a Bartreng, bis an d’Stad ofzeschléissen.
An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute folgend Froe stellen:
- Wéini gëtt de Belag am Bësch erneiert?
- Wéini gëtt d’Ënnerféierung vun der N5 realiséiert?
- Wéi laang wäerten des Aarbechten daueren? »
Mat déiwem Respekt,
Max HAHN Frank COLABIANCHI
Deputéierten Deputéierten
Anhang | Größe |
---|---|
![]() | 129.03 KB |