Sie sind hier

Wéi steet et ëm d'Holzwirtschaft zu Lëtzebuerg?

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Wirtschaft André Bauler Max Hahn

Déi laang Drécheperioden an de Borkenkäfer belaaschten eis Bëscher staark, virun allem d'Fichtebestänn si betraff. Dëst huet zur Konsequenz, dass de Marché mat Schuedholz iwwerschwemmt ginn ass a vill Bëschbesëtzer op hirem Holz sëtzebleiwen. D'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler hunn nogefrot, wéi et dem Secteur geet a wéi eng zousätzlech Mesuren eventuell geholl kéinte gi fir de betraffene Leit a Betriber ze hëllefen.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden:

« Duerch de Klimawandel an déi laang Drécheperioden an de Joren 2018, 2019 an och lo 2020 sinn eis Bëscher immens geschwächt. Besonnesch de Borkenkäfer ka sech an där Situatioun gutt verbreeden, wouduerch de Fichtebestand enorm getraff ass. Dëst huet net nëmme Konsequenze fir den Ökosystem Bësch, mee et wierkt sech och negativ op déi national Forstwirtschaft aus.

Aus deem Grond sinn eng Rei Hëllefe vun der Regierung decidéiert ginn, fir de betraffene Bëschbesëtzer am Kader vum Borkenkäferbefall ënnert d’Äerm ze gräifen. Sou gouf z.B. am November 2019 de Programm « Klima-Bonus » fir de Bësch presentéiert.

Allerdéngs ass duerch de Borkenkäfer d’Offer vu Schuedholz a ganz Europa därmoossen an d’Luucht gaangen, dass vill Bëschbesëtzer a Bëschentreprisen hiert Holz net méi lass ginn. Gläichzäiteg muss frëscht befalent Holz sou séier wéi méiglech aus de Bëscher erausgeholl ginn, fir enger weiderer Ausbreedung vum Borkenkäfer entgéintzewierken. Dat stellt vill concernéiert Leit a Betriber viru grouss Schwieregkeeten, vu dass hiren Ofsazmaart zesummegebrach ass.

Virun deem Hannergrond wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Wirtschaftsminister folgend Froe stellen:

- Wéi vill Demandë fir eng finanziell Hëllef am Kader vun der Borkenkäferepidemie sinn déi lescht dräi Joer eragereecht ginn ? Wéi vill dovunner sinn accordéiert ginn ? Wéi vill sinn der schonn ausbezuelt ginn ?

- Ass d’Effikassitéit vun dësen Hëllefe well evaluéiert ginn ? Wa jo, wat ass d’Resultat vun där Evaluatioun ? Wann net, ass geplangt, d’Aiden enger Evaluatioun z’ënnerzéien an deemno wéi unzepassen ?

- Wéi eng Mesurë gesäit d’Regierung vir, fir déi aktuell héich Offer u Fichtenholz um Marché ofzefiederen an d’Ofsazméiglechkeeten zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun kuerz- a mëttelfristeg ofzesécheren ?

- Wier et z.B. méiglech, deene betraffene Leit a Betriber eng Méiglechkeet fir en Tëschestockage vu Schuedholz unzebidden ?

- Wier et denkbar, de Propriétairë Schuedholz zu engem feste Präis ofzekafe fir et zu engem spéidere Moment weider ze vermaarten?

- Ass e wirtschaftlechen Impakt op de « Wood Cluster » duerch de Borkenkäfer festzestellen ?

- Well mer wëssen, dass Experten domadder rechnen, dass d’Ficht wéinst dem Klimawandel keng Zukunft méi an eise Géigenden huet, wéi gesäit d’Regierung d’Zukunft vum « Wood Cluster » zu Lëtzebuerg ?

- Gesäit d’Regierung vir, nei Mesuren ze huelen, fir d’Perennitéit vun dësem Secteur zu Lëtzebuerg ze garantéieren ? »

Mat déiwem Respekt,

                      

                   Max HAHN                          André BAULER

                   Deputéierten                            Deputéierten


Max Hahn

André Bauler