Sie sind hier

Mat Drone Réikitz retten?

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

D'Gebuert vun de Réikitz am Fréijoer fält dack mam éischte Méie vun de Felder zesummen. Well awer deene jonken Déieren hire Fluchtreflex nach net entwéckelt ass, lafen se net fort, wann de Mähdrescher kënnt a geroden ëmmer nees ënnert d'Messeren. Dëst féiert zu ganz uerge Blessuren, un deenen d'Déieren an der Reegel net direkt stierwen, mee lues verbludden. Hautdesdaags ass et awer méiglech, mat Drone mat Wärmebildkameraen e Feld séier ofzesichen, quitt dass déi héich Käschten ee verständlecherweis kënnen dovunner ofhalen, en an Usproch ze huelen. D'DP Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hunn nogefrot, ob d'Regierung bereet wier, de Bauere finanziell bäizestoen, wann dës op sou e Service zréckgräife géifen.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung weiderzeleeden:

« D’Gebuert vun de Réikitzer am Fréijoer fält dacks mam éischte Méie vun de Felder zesummen. Vu dass d’Kitze sech dacks an de Felder verstoppen, mee nach net déi néideg Fluchtreflexer entwéckelt hu fir fortzelafen wann de Mähdrescher kënnt, geroden der ëmmer nees ënnert d’Messere vun dëse Maschinnen. Dëst féiert zu ganz uerge Blessuren fir déi Déieren, un deenen se an der Reegel net direkt stierwen, mee lues verbludden.

Opgrond vun der Gréisst vun de meeschte Felder, ass et verständlech, dass net all Feld ëmmer komplett virum Méien zu Fouss ofgesicht ka ginn.

Gläichzäiteg besteet hautdesdaags d’Méiglechkeet mat Dronen, déi mat enger Wärmebildkamera equipéiert sinn, d’Felder no Réikitzen ofzesichen. Souwuel am Ausland wéi och hei zu Lëtzebuerg gëtt dat scho vun eenzelen Acteuren ugebueden, mee verständlecherweis stellt de Käschtepunkt vun deem Service e gewëssent Hindernis fir de Bauer duer, fir ëmmer dorobber zréckzegräifen.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

- Gëtt et Informatiounen dozou, wéi vill Réikitz all Joer ënnert e Mähdrescher oder eng Méimaschinn geroden?

- Wier d’Regierung gewëllt, dem Bauer finanziell ënner d’Äerm ze gräifen, wann hien de genannten Dronenservice an Usproch hëlt?

- Wann net, wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen fir, am Sënn vum Déiereschutz, sou Virfäll an Zukunft sou gutt et geet ze verhënneren? »

 

Mat déiwem Respekt,

                      

                   Max HAHN                           Gusty GRAAS

                   Deputéierten                            Deputéierten


Max Hahn

Gusty Graas