Sie sind hier

Bei Stau duerch d'Mëtt iwwerhuelen?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

A ville Länner ass et schonn erlaabt an international Etüde weisen, dass et fir Motorradsfuerer och méi sécher ass, bei Stau duerch d'Mëtt z'iwwerhuelen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob et eng Méiglechkeet wier, dës Praxis och hei am Land ze legaliséieren.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« Bei Stauen op der Autobunn kënnt et dacks vir, dass Motorradsfuerer d’Autoen iwwerhuelen, andeems se duerch d’Rettungsgaass an der Mëtt vun der Bunn fueren („lane-splitting“ genannt). Dëst ass awer u sech zu Lëtzebuerg – am Géigesaz zu villen anere Länner – verbueden.

Allerdéngs suggeréieren Etüden, dass dës Praxis méi sécher ass fir d’Motorradsfuerer selwer, well doduerch de Risiko fir Accidenter duerch Opfuere reduzéiert gëtt. Aus deem Grond hat de Ministère och schonn 2016 en Aarbechtsgrupp lancéiert, fir z‘analyséieren, ob een dës Praxis net och hei am Land legaliséiere kéint.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Wou sinn d’Aarbechte vun dësem Grupp drun?
  • Kann den Här Minister eventuell schonn eng Konklusioun vun dësen Aarbechten zéien?
  • Wat wieren d‘Grënn fir dës Praxis weiderhin net z‘erlaben? »

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten


Max Hahn