Sie sind hier

Drécheperioden: Privat Reewaasserbasengen fir Drénkwaasser ze spueren?

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

Duerch déi laang Drécheperiode geroden d'Waasserressourcen zu Lëtzebuerg ëmmer méi ënner Drock, soudass den Ëmweltministère d'Bierger ëmmer nees opfuerdert, spuersam mam Waasser ëmzegoen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob et net eng Iddi wier, Reewaasserbasenge bei privaten Haiser ze fërderen, fir sou manner Drénkwaasser ze verbrauchen fir verschidden Aktivitéiten, wéi z.B. Planzen nätzen asw.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmweltschutz, Klima an nohalteg Entwécklung weiderzeleeden:

« Als Konsequenz vum Klimawandel erliewe mer och zu Lëtzebuerg, dass et ëmmer méi dacks zu laangen Drécheperiode kënnt an d’Waasserreserven ëmmer méi ënner Drock geroden. Sou huet den Ëmweltministère dëst Joer op en Neits d‘Bevëlkerung opgeruff, spuersam mam Drénkwaasser ëmzegoen.

Zënter 2003 gëtt et eng Ënnerstëtzung fir Privatleit, déi eng Anlag fir Reewaasser opzefänke bei sech doheem installéieren a sou Drénkwaasser spueren.

Den Aktiounsplang zur Upassung un de Klimawandel recommandéiert iwwerdeems och ëffentlech Campagne fir d‘Bierger punkto Waasserspueren ze sensibiliséieren.

An deem Kader wéilte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

- Ass d’Madamm Ministesch der Meenung eng flächendeckend Installatioun vu Reewaasserbasengen a -pompelen a Privathaiser kéint dozou bäidroen, déi national Waasserressourcë méi effikass ze notzen an zukünfteg Penurien entgéint ze wierken?

- Wa jo, gesäit d’Madamm Ministesch vir, déi genannte Subventioun aus dem Joer 2003 z’iwwerschaffen an och d’Ëffentlechkeet iwwer dës Hëllef geziilt z’informéieren?

- Wéi vill Demandë goufen an de leschte fënnef Joer fir dës Aide eragereecht? Wéi vill goufen der accordéiert?

- Vu dass d’Waasserwirtschaftsamt dovun ausgeet, dass et 2020 zu Enkpäss kéint kommen, well vill Leit warscheinlech Vakanz heiheem maachen, ass eng Sensibiliséierungscampagne a Saache Waasserspuere fir dëst Joer geplangt?

- Wann net, fir wéini ass déi éischt Sensibiliséierungscampagne an deem Sënn virgesinn? »

Mat déiwem Respekt,

                      

                   Max HAHN                           Gusty GRAAS

                   Deputéierten                            Deputéierten


Max Hahn

Gusty Graas