Sie sind hier

Verbuet vun der "obsolescence programmée" och zu Lëtzebuerg?

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

A Frankräich gouf Apple am Februar vun dësem Joer verklot, well se al iPhone-Modeller méi lues gemaach hunn, nodeems en neie Modell op de Marché komm ass. Sou eng bewosst Verkierzung vun der Liewensdauer vun engem Produit, fir d'Clienten dozou ze beweegen, en neie Produit ze kafen, ass net just Bedruch um Client, mee och en immens ineffikassen a verschwendereschen Ëmgang mat eise Ressourcen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zwou concernéierte Ministeschen nogefrot, ob d'Regierung net wëlles hätt, e Gesetz nom franséische Virbild anzeféieren.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d‘Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an un d‘Madamm Ministesch fir Konsumenteschutz weiderzeleeden:

« Déi programméiert Obsoleszenz, d.h. d’Tatsaach, dass e Produit bewosst sou entworf gëtt, dass en zu engem bestëmmten Zäitpunkt soll futti goen, en net gefléckt ka ginn an op déi Manéier de Konsument gezwonge gëtt, en neie Produit ze kafen, ass net nëmmen e Bedruch um Konsument, mee stellt och en immens ineffizienten a verschwendereschen Ëmgang mat eise Ressourcen duer.

Aus deem Grond huet Frankräich 2015, als éischt Land op der Welt, d‘« obsolescence programmée » ënner Strof gestallt. Am Februar 2020 dunn huet e franséischt Geriicht den amerikanesche Konzern Apple zu enger Strof vu 25 Milliounen Euro verurteelt, well dee bewosst verschidden eeler iPhone-Modeller méi lues gemaach hat, wou en neie Modell op de Maart komm ass.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Madamm Ministesch fir Konsumenteschutz folgend Froe stellen:

  • Huet d’Regierung wëlles eng änlech Legislatioun wéi a Frankräich och zu Lëtzebuerg anzeféieren ?
  • Wann net, wat wieren d’Grënn dofir ?
  • Am Koalitiounsaccord engagéiert sech d’Regierung, fir sech op europäeschem Niveau fir e legale Kader géint déi programméiert Obsoleszenz anzesetzen. Wéi wäit sinn d’Diskussiounen an deem Dossier ?
  • Wat wieren déi eventuell Grënn, dass dës Diskussiounen net viruginn ? »

 

Mat déiwem Respekt,

                      

                  Max HAHN                         Gusty GRAAS

                  Deputéierten                           Deputéierten


Max Hahn

Gusty Graas