Sie sind hier

Verkéierssécherheet bei de Schoulen

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Ëmmer nees héiert ee vun zum Deel chaoteschen a geféierleche Situatioune moies, wann Elteren hir Kanner mam Auto bei d’Schoul oder de Lycée féieren, dat virun allem wärend de Wanterméint. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, wat de Minister gedenkt z'ënnerhuele fir d'Verkéierssécherheet virun de Schoulen ze verbesseren.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

 

„Ëmmer nees héiert ee vun zum Deel chaoteschen a geféierleche Situatioune moies, wann Elteren hir Kanner mam Auto bei d’Schoul oder de Lycée féieren, dat virun allem wärend de Wanterméint. Ganz besonnesch geféierlech ass et, wann am Moiestrafic Elteren hir Kanner zur Stroossesäit aus dem Auto klamme loossen. Wëssend, dass an de Wanterméint d’Siicht moies schlecht ass, a vill Leit gestresst sinn, steet a sou Fäll ouni Zweiwel d’Sécherheet vun de Kanner um Spill.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Ass den Här Minister sech dëser Problematik bewosst?
  • Zou wéi vill Accidenter ass et an de leschten dräi Joer viru Schoule respektiv Lycéeë komm?
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass vu Säite vum Ministère Mesure geholl misste ginn, fir Praktike wéi déi uewe genannten z’ënnerbannen?
  • Wa jo, wéi eng Mesure géif den Här Minister an deem Kader an d’A faassen? Gedenkt den Här Minister eng Sensibiliséierungscampagne zu deem Thema ze lancéieren?
  • Wéi eng Mesuren si virgesinn, fir d’Elteren z’encouragéieren, hir Kanner zu Fouss oder mam ëffentlechen Transport bei d’Schoul ze bréngen?
  • Gedenkt den Här Minister de „Pedibus“ um Gemengenniveau méi staark z’encouragéieren?
  • Ass vu Säite vum Ministère virgesinn, zesumme mat de Gemenge raumplaneresch Konzepter, wéi z.B. "Kiss&Go", auszeschaffen, fir d’Zirkulatioun vun Autoe viru Schoulen a Lycéeën ze begrenzen?“

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten


Max Hahn