Sie sind hier

Alternativ Wunnformen méi einfach zougänglech maachen

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Ëmmer méi Leit entscheede sech gäre fir alternativ Wunnformen, wéi z.B. "tiny houses". Zu Lëtzebuerg ginn et allerdéngs den Ament nach eng Rei Schwieregkeeten, wann een dee Wee goe wëll, z.B. a Bezuch op d'Mindestufuerderunge par rapport zur Gréisst vun enger Wunnunitéit. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wéi d'Regierung et den intresséierte Leit méi einfach wëll maachen, an engem "tiny house" ze wunnen a wéi gläichzäiteg verhënnert soll ginn, dass et op deem Wee zu enger Verbreedung vu prekäre Wunnverhältnisser kënnt.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch an un den Här Wunnengsbauminister weiderzeleeden:

« Zu Lëtzebuerg, grad wéi iwwerall an der Welt, entscheede sech ëmmer méi Leit, nei Weeër am Logement ze goen, an no Alternativen zu de klassesche Wunnformen, wéi Haus oder Appartement ze sichen. Grad déi sougenannten „tiny houses“, ob mat oder ouni Rieder, ginn ëmmer méi beléift.

Leider ass et zu Lëtzebuerg nach ëmmer schwiereg, wann ee sech fir sou eng Wunnform entscheede wëll. An der Praxis gëtt et dack eng Rei Hindernisser, wéi z.B. minimal Ufuerderungen par rapport zur Gréisst fir eng Wunneng a ville Gemengen asw.

An deem Kader wollt ech der d’Madamm Inneministesch an dem Här Wunnengsbauminister folgend Froe stellen:

  • Huet d’Regierung wëlles, Recommandatiounen fir d’Gemengen auszeschaffen, wéi si d’Implantatioun vun „tiny houses“ méi einfach maache kënnen, fir deene Bierger déi u sou enger Wunnform intresséiert sinn entgéint ze kommen?
  • Gesäit d’Regierung vir, op nationalem Niveau ze legiferéieren fir sou alternativ Wunnformen engersäits z’erméiglechen an anerersäits en adequate Kader ze schafen, deen och hëlleft z’evitéieren, dass méi kleng Wunn-Unitéiten zur Verbreedung vu prekäre Liewensverhältnisser bäidroen?
  • Plangt d’Regierung, eventuell zesumme mat de staatleche Bauträger e Projet fir eng Siidlung vun „tiny houses“ auszeschaffen?
  • Op wéi eng aner Manéieren gedenkt d’Regierung dës an och aner alternativ Wunnformen z‘ënnerstëtzen? »

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten


Max Hahn