23/11/2020
Parlamentarische Fragen
Landesplanung und Wohnen
André Bauler
Max Hahn
Den Ament ass et Usus datt déi meescht Immobilie-Constructeure Präisser affichéieren, déi op Basis vum reduzéierten TVA-Taux vun 3% berechent sinn. Dëst stellt allerdéngs eng Gefor fir de Konsument duer. 2019 haten d’Ministesch fir de Konsumenteschutz an de Minister vum Logement annoncéiert iwwert eng Standardiséierung vun den annoncéierte Wunnengspräisser nozedenken.
D‘DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn an deem Kader nogefrot, wéi eng Konklusiounen bis ewell zréck behal goufen.