Sie sind hier

De Gusty Graas an der Chamber: D’DP steet zu engem staarken a gëeenten Europa

News Außenpolitik Gusty Graas

De Gusty Graas an der Chamber: D’DP steet zu engem staarken a gëeenten Europa.

An der Chamber huet den Deputéierte Gusty Graas am Numm vun der DP zur aussepolitescher Deklaratioun vum Ausseminister geschwat.

  • D’DP steet op der Säit vun de Progressisten, also vun deene Leit, déi weiderhin op e staarkt a gëeenten Europa setzen.
  • Et gëllt grad elo fir Courage ze weisen a sech fir Europa anzesetzen.
  • D’EU steet den Ament op engem wackelege Fundament. Dofir mussen all Hiewel a Beweegung gesat ginn, fir datt dat Haus net an de Koup fält.
  • D’Politik muss kloer Äntwerte ginn, wat d’Zukunft vun Europa ugeet, fir datt d’Vertrauen an d’EU net ofhëlt.
  • D’Zesummenaarbecht tëscht de BENELUX-Länner ass intensiv. Lëtzebuerg presentéiert sech weider als verlässleche Partner vum BENELUX.
  • Wann et beim Brexit zu engem NO DEAL kënnt, da wier dat méi wéi schued, ma da musse béid Parteien domadder liewen.
  • D’DP ass der Meenung, datt et den Ament net zu enger EU-Erweiderung soll kommen.

 


Gusty Graas