27/02/2018
News
Sport und Freizeit
Claude Lamberty
De Claude Lamberty ass en Dënschdeg a senger Interpellatioun op d’Facette vum Sport an hirer ganzer Villfalt agaangen. Hien huet sech a senger Interventioun mam Zoustand vum Spëtzesport beschäftegt, mat der Wichtegkeet vum Schoulsport a punkto Integratioun, ma och mam Aspekt vun der Gesondheet. Eise Generalsekretär huet bei där Geleeënheet och d’Organisatioun vun de Federatiounen a vun de Veräiner gesträift an d’Konditioune vun de sëlleche Benevollen um Terrain.