29/01/2018
News
Tribune libre
Bildung
Lex Delles
An der fräier, politescher Tribün op Radio Lëtzebuerg an um Radio 100,7 huet den Député-Maire Lex Delles haut iwwer dee vum Ressortminister Claude Meisch annoncéierte Bildungsdësch a vun 2 neie Schoulgremie geschwat, wou sech d’Leit vum Terrain, d’Schüler, d’Elteren, d’Syndikater, d’Wëssenschaft, d’Zivilgesellschaft an d’Politik ëm Konsens, Kontinuitéit a Rou an der Schoulentwécklung bekëmmeren.