Sie sind hier

News Außenpolitik André Bauler

Stroftaxe si géint d’Logik vun der fräier Maartwirtschaft

Am Kader vun enger Aktualitéitsstonn iwwert d’Stroftaxen huet den Deputéierten André Bauler ënnerstrach, datt fir d’DP de fräien Handel ëmmer nach eng Chance ass an net e Problem. D’Demokratesch Partei weess, datt de fräien a gerechten Handel der Weltekonomie allzäit méi bréngt wéi all Form vu Protektionismus.

News Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Debat iwwer d’Landesplanung: Wuesstem intelligent steieren

De Max Hahn huet am Numm vun der DP e Plaidoyer fir eng intelligent Steierung vum Wuesstem zu Lëtzebuerg gemaach. D’DP wëll do dernieft nach méi séier Infrastrukturprojete realiséieren, fir de wuesstemsbedéngte Problemer entgéintzewierken.

News

De Robert Gitzinger huet eis verlooss

Am Alter vu 96 Joer ass eise Frënn Robert Gitzinger gestuerwen, deen en Donneschdeg virun enger Woch säi leschte Gebuertsdag gefeiert huet.

Den Éierendeputéierte war vun 1979 bis 1984 an du vun 1988 bis 1994 am Ganzen eelef Joer laang fir d’DP an der Chamber.

News Tourismus Simone Beissel

Besser geschützt bei Kaf vu Pauschalreesen

Dës Woch gouf an der Chamber de Konsumenteschutz beim Kaf vun enger Pauschalrees verbessert.

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Ausbau vun der Stater Gare

Gréng Luucht en Dënschden an der Chamber: Bis 2021 soll d'Stater Gare zwee nei Quaien dobäi kréien.

News Tribune libre Gesundheit und Pflege Claude Schommer

Cannabis ganz legaliséieren

De JDL-President Claude Schommer freet a senger Tribune libre, fir de Cannabis ganz ze legaliséieren.

News Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Neit Landesplanungsgesetz

Nodeems déi viregt Regierung d’Plans sectoriels wärend 10 Joer an de Tiräng leie gelooss hat, war et dës Regierung, déi de Courage hat, fir Neel mat Käpp ze maachen. Nëmmen esou konnt een op juristesch Problemer am Landesplanungsgesetz opmierksam ginn, déi den Donneschdeg an der Chamber behuewe goufen.

News Finanzen Joëlle Elvinger

En neie Steierregime fir déi intellektuell Proprietéit

Um Krautmaart gouf dësen Donneschdeg e Gesetz gestëmmt fir déi  steierlech Behandlung vum geeschtegen Eegentum nei ze reglementéieren. Op déi Manéier kënne Firmen, déi hei am Land an d’Fuerschung investéieren, elo vu steierleche Virdeeler profitéieren.

News Gesellschaft Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Frank Colabianchi

Méi informéieren, fir manner ze verbëtzen!

An der Chamberdebatt iwwer d’Liewensmëttelverschwendung huet den DP-Deputéierte Frank Colabianchi sech zefridde gewisen, dass d’Regierung sech dësem wichtege Problem endlech ugeholl hätt.

News Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Kloer Reegelen fir Tattooen, Piercingen a Solarium

A senger Ried zum Gesetzprojet iwwer Tattooen a Piercingen ass de Gusty Graas ënner anerem op verschidde Gesondheetsaspekter, besser Kontrollen an op e bessere Schutz fir déi Mannerjäreg agaangen.

News Gesundheit und Pflege Lydie Polfer Max Hahn

Nei Ära an der Geschicht vum Lëtzebuerger Rettungswiesen ass agelaut ginn

Haut ass an der Chamber mam Vott vun der Reform vun de Rettungsdéngschter dee leschte grousse Schratt agelaut ginn, fir dass Lëtzebuerg endlech dat Rettungswiese kritt, wat net nëmme wënschenswäert, mee batter néideg ass.

News Außenpolitik Corinne Cahen Xavier Bettel Marc Hansen Pierre Gramegna

Staatsvisitt a Frankräich: Frëndschaft, Respekt a Realpolitik

Déi éischt Lëtzebuerger Staatsvisitt a Frankräich zanter 40 Joer war markéiert vun der traditioneller Frëndschaft tëschent den zwee Länner. Eng Frëndschaft, déi méi wéi eemol déi lescht Deeg vum Grand-Duc Henri a vum President Emmanuel Macron ënnerstrach ginn ass.

News Finanzen Medien und ICT Eugène Berger Pierre Gramegna

Kryptowärungen: Aktualitéitsstonn an der Chamber

Thema en Donneschdeg an der Chamber ware Bitcoin & Co. Wat sinn d’Risiken an d’Chancë vun esou Kryptowärungen, a wat bedeiten se fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg? Den Eugène Berger ass a senger Ried op déi Froen agaangen.

News Gesellschaft Corinne Cahen

Neie Plan d’Action National d’Intégration

Corinne Cahen: „Integratioun ass keng Assimilatioun… ma en Zesummewuesse vu Kulturen… e géigesäitegt Kenneléieren“.

News Außenpolitik Gusty Graas

D’Demokratesch Partei wäert sech weiderhi fir déi Demokratesch Wäerter an Europa asetzen

A senger Ried zur aussepolitescher Debatt e Mëttwoch an der Chamber, ass de Gusty Graas ënner anerem op déi aktuell politesch Situatioun an Europa agaangen. Déi westlech Iddie vu Solidaritéit, Toleranz a fräier Maartwirtschaft sinn hautzedaags an der EU leider keng Selbstverständlechkeet méi. An deem Kontext huet den DP-Deputéierten a senger Ried der EU-Kommissioun hier verschäerfte Sprooch aus deene lëschte Woche gelueft. Och d’Drohung, Polen d’Stëmmrecht an der EU ofzehuelen ass dee richtege Wee.